Kapell Lauterbur

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Kapell Lauterbur
D'Kapell vu Lauterbur
Uertschaft Iechternach
Par
Numm / Patréiner
Konsekratiounsjoer ëm 1774
Architekt(en) Paul Mungenast
(zougeschriwwen)
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Lauterbur ass eng Privatkapell, déi zum Domaine vum Schlass Lauterbur gehéiert an déi zur selwechter Zäit wéi dat aktuellt Gebai vum Schlass ëm 1776 gebaut gouf.

Et gëtt ugeholl, datt de Paul Mungenast, den Architekt vum Schlassgebai, och d'Kapell entworf huet. Iwwer dem Entréesportal ass eng Nisch, an där eng Madonnestatu steet. Bannenan ass en Altor mat engem Rokoko-Retabel, aus der Zäit wéi d'Kapell gebaut gouf. D'Bild dran, dat eng Madonna mat Kand weist, ass méi al: de Wope vum Abt Petrus Fisch (1628-1657) ass drop ze gesinn. Et gouf 2007-2009 restauréiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Lauterbur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.354.