Donatuskapell um Mariendallerhaff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Mariendallerhaff)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vum
Mariendallerhaff
D'Kapell virun der Restoratioun (2005)
D'Kapell virun der Restoratioun (2005)
Uertschaft / Plaz Mariendallerhaff
Par Keespelt
Dekanat Lëtzebuerg-West
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 1817
Baujoer 1816
Koordinaten 49° 42’ 23.8’’ N
06° 04’ 16.6’’ O
D'Kapell vu Weste gesinn (2013)
D'Kapell vu Weste gesinn (2013)
Kierchen - Kapellen
Den Hl. Niklos baussen iwwer der Dier

D'Donatuskapell um Mariendallerhaff ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Keespelt, zum Parverband Sankt Willibrord Helpert, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuerg-West an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

Déi kleng Privatkapell steet beim Mariendallerhaff, tëscht Keespelt an dem Mariendall säitlech op enger klenger Strooss tëscht den zwou Uertschaften.

Zur Par Keespelt gehéiert ausser der Kapell um Mariendallerhaff och nach d'Parkierch vu Keespelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gouf am Joer 1816 vum Nicolas Franck baue gelooss, wéi op enger klenger Plack op der viischter Fassad ze gesinn ass (1816 N.F.). De Nicolas Franck war den 12. Mäerz 1775 um Märjendallerhaff gebuer ginn an ass de 6. Juni 1841 och do gestuerwen. 1817 gouf d'Kapell geweit.

Der Geschicht no hätt den Haffeegentemer d'Kapell zu Éiere vum hellegen Donatus baue gelooss, well duerch e schlëmm Wieder déi ganz Récolte vum Haff zerstéiert gouf an en duerch de Bau weidere Schued wollt vermeiden.

Zu där Zäit vum Bau hunn d'Schwësteren aus dem Märjendaller Klouschter sech zréckgezunn, wollten awer eng wäertvoll Statu aus der zweeter Hallschent vum 14. Joerhonnert an der Kapell versuergen. Déi zirka 80 cm grouss Statu, déi eng nierend Muttergottes (Mater lactans) duergestallt huet, stoung ursprénglech an der Mëtt vum Altor. Se stoung 1976 am Inventar an och 2005, wéi d'Kapell vum fréiere Besëtzer, der Famill Jacques Girtgen-Yutzet un den haitege Proprietär, d'Famill Marcel Barthels-Lacour verkaaft gouf, stoung se nach am Inventar, war awer an der Kapell net méi ze fannen. Verschwonne waren och 4 hëlzen Engelfiguren, déi fréier am Altorraum fixéiert waren.

De 15. Juni 2007 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert.[1] Den 31. Mee 2010 gouf se vum Äerzbëschof Fernand Franck geseent.

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell ass a Sallform mat 3/8 Chouerofschloss. Iwwer der Dier ass e Relief, deen den Hl. Niklos duerstellt.

Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gouf tëscht 2005 an 2007 komplett renovéiert. Den Daach an den Daachreider goufen erneiert, d'Mauere kruten en neien Ustrach. Et goufen och eng Beliichtung, eng elektresch Heizung a Lautsprecher installéiert. Di nei Fënstere goufen 2006 no Entwërf vum Här Barthels vum Atelier Bernard Bauer vu Munneref installéiert.

Well deen ale barocken Altor morsch war, gouf en duerch en Altor ersat, deen aus engem Jaumont-La-Cour-Steeblock skulptéiert gouf. D'Réckwand vum Altor an den Tabernakel goufen nei opgebaut.

Déi véier Kierchebänke goufe vum Här Barthels selwer restauréiert. Aus der Kathedral an aus der Kierch vu Kapellen koume weider Bietstill dobäi.

Den Dafsteen gouf nei installéiert.

Banneraum[änneren | Quelltext änneren]

Den Altor[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell hat fréier en einfache Barockaltor aus Holz, haut e sténgenen Altor mat Holzopbau.

Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Am Altorraum sti fënnef original Statuen aus Steen:

  • Statu vum hellegen Donatus
  • Eng fir eis Géigend seele Statu vum hl. Péitrus vu Mailand (och Péitrus vu Verona genannt)
  • Statu vum hl. Bernhard
  • Statu vum hl. Mathias
  • Statu vun der hl. Katharina

Als Geschenk vun de Karmeliterinne vu Kapellen koumen zwou hëlze Statuen dobäi:

  • Statu vun der Muttergottes mam Kand op der Moundséchel
  • Statu vum hellege Jousef

Tableau[änneren | Quelltext änneren]

  • E gréisseren Tableau mat enger Kräizegungsgrupp gouf vum Här Barthels no enger Virlag selwer gemoolt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskapell um Mariendallerhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).