Kapell Rippeg

Vu Wikipedia
Kapell zu Rippeg
Kapell vu Rippeg (2013)

Kapell vu Rippeg (2013)
Kapell vu Rippeg (2013)
Uertschaft / Plaz Rippeg
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Koordinaten 49° 44’ 23.6’’ N
      06° 19’ 05.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vu Rippeg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Antonius de Klausener, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt. Well de Patréiner heefeg zesumme mat engem Schwäin duergestallt gëtt, steet nieft der Kapell eng Skulptur vun engem Schwäin aus Bronz. D'Plaz bei der Kapell huet dofir och de Spëtznumm am Schwéngsgronn kritt.

Se steet zentral am Duerf Am Pesch, dem CR129A.

De 24. Oktober 2017 gouf d'Kapell op den Zousazinventaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kapell vu Rippeg och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Filialkierch vun Altréier, d'Kapell vun Heeschbreg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Rippeg gouf d'selwecht wéi zu Zëtteg scho 1570 eng Kapell ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf 1743 gebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Rippeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).