Kapell Trënteng
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() D'Kapell vun Trënteng (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Trënteng | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Etienne | |||
Koordinaten | 49° 34’ 27.1’’ N 06° 16’ 23.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell um Stiewesbierg[1] zu Trënteng ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bous-Waldbriedemes gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Etienne, deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kapell steet tëscht den Uertschaften Trënteng an Ierseng a westlecher Richtung an der Montée de la Klaus op enger Héicht vun 235 m (NG-L) baussent der Uertschaft.
Zur fréierer Par Trënteng huet ausser der Kapell um Klausbierg och nach d'Parkierch vun Trënteng gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Originne ginn op d'Joer 1400 zeréck. Et ass haut nëmmen nach de Chouer vun der Kierch, déi fréier do stoung. Wéi déi al Kierch ausgesinn huet, ass schwéier nozevollzéien. D'Fëllementer, déi bei de Renovatiounsaarbechten (1996 bis 2000) fonnt goufen, passen nämlech net richteg op d'Kapell. Warscheinlech ass am Laf vun der Zäit méi dacks do gebaut ginn. Et kann een dovun ausgoen, datt d'Réimer schonn do waren. Déi ënnescht Steng vun der Kapell sinn nämlech rout gebaken Zillen, där wéi d'Réimer se benotzt hunn. Haut huet d'Kapell eng konesch Form.
E Visitatiounsbericht vu 1570 hält fest, datt d'Kapell vun de Schlasshäre vu Gondel gestëft gouf a virun allem vun de Gleewegen aus den Dierfer Ierseng, Réid an Trënteng opgesicht gouf.
Vun 1808 bis 1827 war d'Kapell um Klausbierg d'Parkierch vun enger "Geeschterpar" ouni Kierfecht an ouni Paschtoueschhaus. D'Paschtéier, déi fir d'Par genannt goufen, hunn déi och nie verwalt.
Mat engem Arrêté royal grand-ducal vum 28. Juli 1851 gouf op Ufro vun den Awunner vun Trënteng déi deemoleg Kapell Stephansberg d'Kierch vun enger neier Succursale an der Gemeng Waldbriedemes an et gouf en eegene Paschtouer fir d'Succursale ernannt, déi fir d'Uertschaften Trënteng, Ierseng a Réid war. Bei der Succursale vu Waldbriedemes bloufe Waldbriedemes, Gondel an Eilerei.
Zanter dem 31. Mee 1991 steet d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[2]
Eremitten op der Klaus
[änneren | Quelltext änneren]Vu 1690 bis 1814 hunn Eremitten, déi gläichzäiteg och Schoulmeeschter waren, op der Klaus gelieft.
- 1690 Brudder Bonaventura Mareschal
- 1708 - 1719 † Brudder Gerhardus Bichel
- 1713 Brudder Felix Laloire
- 1725 † Brudder Bruno ...
- 1733 † Brudder Macarius Linners
- 1732 - 1742 † Brudder Jacobus Mandeler
- 1750 Kaploun/Vicaire Joannes Fridericus Hildt
- 1755 Kaploun/Vicaire Mathias Engel
- 1760 - 1801 † Brudder Paulinus Wagener
- 1804 Kaploun/Vicaire Franciscus Josephus Mersch
- 1813 Brudder Xaverius ...
- 1814 Brudder Ambrosius Claudy
Gedenksteen
[änneren | Quelltext änneren]Um Wues virun der Kapell huet de Beieveräi vum Kanton Réimech 2009 bei Geleeënheet vu sengem 125. Anniversaire e Bam nieft engem Gedenkstee geplanzt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bous-Waldbriedemes
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kapell Trënteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Réimech, Duelem
- Den Alain Atten iwwer d'Klausbridder vum Stiewesbierg
- D'Fënstere vun der Kapell vun Trënteng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kapell um Klausbierg zu Trënteng (2011)
-
Aus südwestlecher Richtung gesinn (2014)
-
Den Altor vun der Kapell
-
Den Erënnerungsstee vum Beieveräin.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Klausbierg op der topographescher Kaart vun 2009
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 31. Januar 2025).