Kapell Lieners Uewereesbech

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Uewereesbech)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Kapell vun Uewereesbech
Uewereesbech Privatkapell w.jpg
Uertschaft Uewereesbech
Par Ënnereesbech
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kapell Lieners zu Uewereesbech ass eng kleng kathoulesch Privatkapell déi zur Par Ënnereesbech, zum Parverband Housen-Houschent, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Veianen an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Jean Poos vun Housen.

Se steet op der Kräizung vun der Strooss Bongertswies, dem CR324, mat der Strooss Am Becherduerf.

Den 2. Mäerz 2018 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.

Zur Par Ënnereesbech gehéiert och nach d'Parkierch vun Ënnereesbech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gouf 1691 vun de Bridder Lieners gebaut, déi d'Versprieche gemaach haten, der Tréischterin am Leed eng Kapell opzeriichte wa se allebéid lieweg aus dem Drëssegjärege Krich zréckkéimen.

Banneraum[änneren | Quelltext änneren]

An hir steet e barocken Altor mat, an der Mëtt, enger Statu vun der Tréischterin am Leed, där d'Kapell geweit ass.[1] Lénks um Altor steet eng Statu vum Hellegen Damian a riets eng vum Hellege Cosmas; op der Säit steet den Hellege Cyriacus. Uewen um Altor ass eng Skulptur déi den Hippolyte, de Päerdshellegen duerstellt.[2]

Dokumenter an der Kapell beleeën Restauratiounsaarbechte an de Joren 1937 an 1951. Sou wéi hiren Zoustand 2014 ass, wier eng weider Restauratioun net vu Mutwëll.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Lieners Uewereesbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

E puer Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An enger eelerer Versioun vun dësem Bäitrag goung Rieds vum Hellegen Anna, iwwer der Muttergottesstatu. Wann deem sou war, dann ass déi 2014 awer net méi do.
  2. Well de Patréiner dacks uewen um Haaptaltor duergestallt gëtt, freet et sech op dësen Altor vläicht aus enger Kierch staamt, déi dem Hippolyte geweit war.