Kapell Weier

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vu Weier
Kapell vu Weier (2014)
Kapell vu Weier (2014)
Uertschaft / Plaz Weier
Par Fëschbech
Dekanat Miersch
Numm / Patréiner ?
Baujoer 1612
Koordinaten 49° 43’ 33.6’’ N
06° 11’ 59.1’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell vu Weste gesinn

D'Kapell zu Weier ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Fëschbech, zum Parverband Miersch, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Miersch an zu der Gemeng Fëschbech gehéiert. Responsabel sinn d'Paschtéier Felix Steichen, Pierre Habarurema a Jean-Marie Kapata.

Si steet matzen an der Uertschaft net wäit vum CR101 a gëtt net méi benotzt.

Zur Par Fëschbech gehéieren ausser der Kapell vu Weier och nach d'Parkierch vu Fëschbech an d'Kierch vu Schous.

Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Enger Legend no gouf d'Kapell vum Gerard vu Schwarzenberg, dem Besëtzer vu Fëschbech, opriichte gelooss, nodeems seng Sëschter an (oder bei) engem Weier eng Statu vun der Muttergottes fonnt hätt. Warescheinlech stoung virdrun och schonn eng Kapell do. E Wopen an eng Inskriptioun leeën no, datt se 1612 vum Gerard vu Schwarzenberg a senger Fra Dorothée vun Naves baue gelooss gouf.

Fréi koum et zu Prëssessioune bei d'Muttergottesstatu. Vu 1629 u goufe Wochemassen do gehalen a 1671 gouf op der Nordsäit eng Sakristei ugebaut. Vu 1748 ass en eegene Kaploun attestéiert. Tëscht 1720 an 1726 gouf d'Kierch restauréiert, Fënstere koume bäi a se gouf mat Säitenaltär an Hellegebiller gerëscht. Méi spéit am Joerhonnert gouf den Daach vum Schëff verännert. Am 19. Joerhonnert huet de Bau sech lues a lues verschlechtert. 1904 an 1905 gouf jee ee Chouerpult verkaf, fir kleng Repararturen ze finanzéieren. Nom Éischte Weltkrich gouf d'Kapell als Lager benotzt. Den Daach war ondicht, an et huet era gereent. Zwou Muttergottesstatuen, eng gotesch an eng aus dem 18. oder 19. Joerhonnert, koumen 1941 an de Staatsmusée. Wärend der Ardennenoffensiv, 1944/45 waren Zaldoten do aquartéiert; si hunn d'Beichstill, d'Kierchebänken an d'Säitenaltär zu Brennholz verschafft.

Nom Zweete Weltkrich war se sou baufälleg datt se bal ofgerappt gi wier. 1960 gouf d'Verwëllef mat engem flaache Plaffong ersat an de Botz op de Mauere gouf ewechgemaach, sou datt d'Molereie vum Ignaz Millim zerstéiert goufen.

2005 gouf se restauréiert.

Zanter 2013 ginn ë. a. eng 40 Weekräizer dra versuergt, déi vu verschiddene Plazen dohi bruecht goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Weier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.196-235.