Donatuskapell op der Wuermer Köppchen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Wuermer Köppchen)
Donatuskapell
op der Wuermer Köppchen

Uertschaft / Plaz Wuermer Köppchen
Baujoer 1925-1927
Koordinaten 49° 36’ 52.0’’ N
      06° 24’ 21.3’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell op der Wuermer Köppchen

D'Donatuskapell op der Wuermer Köppchen ass eng kleng Kapell, déi tëscht 1925 an 1927 zu Wuermer op der Köppchen an de Wéngerten zu Éiere vum hellegen Donatus gebaut gouf[1].

Se steet op enger Héicht vun 241 m (NG-L), zirka 100 m méi héich wéi den Niveau vun der Musel, an ass vu wäit hier ze gesinn. Vun do huet een e wonnerbaren Iwwerbléck iwwer de Museldall an d'Uertschafte Wuermer, de Wuermer Bierg an op Wëncher op der däitscher Säit vun der Musel. Se ass am Laf vun der Zäit de Symbol vun der Uertschaft ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Februar 1924 huet de Paschtouer Henri Werner de Bëschof informéiert datt e wollt eng Donatuskapell op der Köppche baue loossen. Den néidegen Terrain huet hien de 5. Oktober 1925 op säin Numm kaaft a spéider der Kierchefabréck geschenkt. D'Kapell gouf du mat Hëllef vu villen Duerfbewunner gebaut. De Bau war nach net ganz fäerdeg, wéi de 17. Juli 1927 déi éischt Pressessioun bei d'Kapell goung, nodeems se de 7. Juli 1927 vum Bëschof Nommesch erlaabt gi war.

Am Fong vun der Kapell ass e Relief vum hellegen Donatus, e Wierk vum fréieren Distriktskommissär Ernest Würth, engem gebiertege Wuermer. Ënnen um Relief steet op Latäin sënngeméiss: Beschütz deng Veréierer, o erhabene Märtyrer! Hal d'Blëtzer of, beroueg d'Stierm! Schenk eis e schéinen Himmel, maach d'Äerd fruchtbar a looss d'Wéngerte räich droen, o Patréiner!

Am Zweete Weltkrich huet d'Kapell, verglach mat aneren Deeler vun der Uertschaft, relativ wéineg Schued gelidden. Eng kontrolléiert Expertise hat 1953 e Schued vu 4.879 Frang unerkannt.

Nodeems jorelaang driwwer diskutéiert gouf, war am September 1965 d'Decisioun geholl ginn, an der Donatuskapell e Monument fir d'Wuermer Affer vum Zweete Weltkrich opzeriichten. D'Kierchefabréck war domat averstanen an och d'Gemeng wollt finanziell mathëllefen. No laangen Diskussiounen huet d'Gemeng sech bereet erkläert, déi ganz Käschte fir d'Monument an d'Renovatioun vun der Kapell an der Ëmgéigend ze iwwerhuelen, dofir huet d'Kierchefabréck der Gemeng d'Eegentumsrecht fir d'Kapell ofgetrueden an och zousätzlech déi 15.000 Frang fir d'Renovatioun, déi se schonn am Laf vun de Jore gespuert hat.

Den 30. Oktober 1966 gouf a Presenz vum Staatsmininister Pierre Werner, dem Groussneveu vum Erbauer, an der restauréierter Kapell vum Deche Spautz d'Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich ageseent[2].

D'Monument, dat vum Réimecher Kënschtler Josy Jungblut entworf an ausgefouert gouf, besteet aus enger aus Holz geschnëtzter Christusfigur op engem 1,50 m grousse Kräiz aus Schifer vun Uewermaartel, dat op der lénkser Säitewand bannen an der Kapell ubruecht ass, mat der Schrëft A Nos Martyrs 1940-1945 driwwer an drënner[3].

De Wee laanscht d'Kapell, deen 1973 ageweit gouf, heescht Sentier des Réfractaires. Iwwer dee Wee goufen am Zweete Weltkrich dräi Refractairen, de Léo Fischer, den André Schumacher an de Roger Thill mat deem Noutwennegste versuergt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskapell op der Wuermer Köppchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Von der Donatuskapelle in Wormeldingen In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 272 (01.10.1965), S. 11
  2. Wormeldingen gedachte seiner Kriegsopfer In: Luxemburger Wort, 119. Jg., n° 306 (02.11.1966), S. 5.
  3. Das Monument aux Morts auf der Wormeldinger „Koeppchen”. In: Luxemburger Wort, 119. Jg., n° 307 (03.11.1966), S. 6