Kapitän Haddock

Vu Wikipedia
Kapitän Haddock
Createur Hergé
Ass en(g) fiktive Mënsch
Geschlecht männlech
Aktivitéit Schëffskapitän, Astronaut
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Universum
Aus Dem Tintin séng Geschichten
Present am Dem Tintin seng Geschichten

De Kapitän Haddock (fr: Capitaine Haddock) ass e Personnage aus dem Hergé senger Comic-Serie Dem Tintin seng Geschichten.

Et ass dem Tintin säi beschte Kolleeg a Begleeder, zanter si sech am Album Le crabe aux pinces d'or kenne geléiert hunn.

An deem Album gëtt hien en als en zimmlech miserabelen an alkoholkranke Schëffskapitän portraitéiert. Eréischt an den Albumen duerno gëtt säi Personnage méi jovial a sympathesch. Duerch seng heiansdo sarkastesch Bemierkungen a seng Ausbréch vu Roserei kontrastéiert hie mam éischter fade Personnage vum Tintin.

Dem Haddock seng Flich si legendär; iwwer 200 Ausdréck huet e parat, fir anerer Schëmmel a Bless ze vernennen, ouni datt awer dës Ausdréck, eenzel gekuckt, eppes Beleidegendes u sech hätten. Um Enn vum Trésor de Rakham le Rouge keeft hien d'Schlass Moulinsart, wou hien zesumme mam Tintin a mam Professer Ditchen wunne geet.