Kardinol Sin

Vu Wikipedia
Kardinol Sin
Gebuertsnumm Jaime Sin y Lachica
Gebuer 31. August 1928
Gestuerwen 21. Juni 2005
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Philippinnen
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
De Wope vum Kardinol Sin

De Kardinol Jaime Sin, * 31. August 1928, † 21. Juni 2005, war e philippinnesche réimesch-kathoulesche Kardinol, deen net nëmme fir seng grouss Reliéisitéit bekannt war, mä deen och e grousse politeschen Afloss a sengem Land hat.

Hien hat e chineesesche Papp a gouf als dat 7. vu 16 Kanner gebuer. Hie war Äerzbëschof vu Manila a krut vum Poopst Paul VI. de Kardinols-Hutt. Gläichzäiteg war hien de Primus vun de philippinnesche Bëscheef. Hie war den 1. Äerzbëschof, deen am Land selwer gebuer war. Virun him waren et spuenesch, amerikanesch oder iresch Bëscheef, déi op de Philippinne Bëschof waren.

De Kardinol Sin war ee vun den zwéi Kardineel, déi aus Krankheetsgrënn net méi konnt um Konklav bei der Wiel vum Benoît XVI. zum Poopst dobäi sinn. Geschwënn drop, den 21. Juni 2005, ass hien duerch Niereversoe gestuerwen, grad wéi de Poopst Jean-Paul II.

Säin Afloss op d'Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Kardinol Sin huet ni seng Iwwerzeegung verheemlecht, datt d'Kierch e politeschen Afloss misst ausüben. Hie war äusserst kritesch géintiwwer dem President Ferdinand Marcos a senger Fra, der First Lady Imelda Marcos. Hien huet d'Gewalt, déi de Marcos ausgeüübt huet, verdaamt, grad wéi d'Korruptioun an d'ondemokratescht Virgoe vum Marcos-Regime. Hien huet vill dozou bäigedroen, datt déi spéider Presidenten, d'Corazón Aquino an de Fidel Ramos un d'Rudder komm sinn, am Kader vun enger Campagne fir dem Vollek seng Rechter zeréckzeginn, e Mouvement, dee vum Kardinol Sin voll ënnerstëtzt gouf. Och ënner de Presidenten, déi duerno komm sinn, huet de Kardinol Sin säi Kampf géint d'Korruptioun net opginn. Vun de Philippinner ass de Kardinol Sin ëmmer gewëssermoossen als en Nationalheld an Idol gefeiert ginn, besonnesch och well d'Bekämpfung vun der Aarmut am Virdergrond vu senge Bestriewunge stoung.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Revolution of Love, 1972
  • The Church Above Political Systems, 1973
  • A Song of Salvation, 1974
  • Unity in Diversity, 1974
  • The Future of Catholicism in Asia, 1978
  • Christian Basis of Human Rights, 1978
  • Separation, Not Isolation, 1978
  • Slaughter of the Innocents, 1979

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kardinol Sin – Biller, Videoen oder Audiodateien

The political legacy of Cardinal Sin: Een Artikel vum Philip Bowring