Charles I. vun der Bourgogne

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Karel de Kéngen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Zinneke), dee grad dru schafft.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen um Artikel weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst w.e.g. d'Schabloun stoen.

De Charles de Kénge mam Uerde vum Gëllene Vlis (gemoolt vum Rogier van der Weyden ëm 1460, hautGemäldegalerie Berlin).

De Charles I. de Kéngen (fr.: Charles Ier le Téméraire oder le Hardi, nl.: Karel de Stoute), gebuer den 10. November 1433 zu Dijon a gestuerwen de 5. Januar 1477 bei Nanzeg, war Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg. Hien ass dee berühmtsten a leschten Herzog aus dem Haus Valois-Bourgogne.

De Charles war aus der burgundescher Säitelinn vun der franséischer Kinneksfamill Valois. Seng Eltere waren de Philipp III. de Gudden an d'Isabel vu Portugal. Soulaang säi Papp gelieft huet, hat hien den Titel vun engem Grof vu Charolais. Den 12. Abrëll 1465 huet de Philippe d'Regierungsgeschäfter dem Charles iwwerginn, dee probéiert huet, d'Politik vu sengem Papp virunzeféieren. Dësen hat an de Jore virdru seng Herrschaftsgebidder zu engem eenheetleche Staat vereent, onofhängeg vum Kinnekräich Frankräich an dem Hellege Réimesche Räich. Dowéinst war et am Kontext vum Honnertjärege Krich zu engem Konflikt mat Frankräich komm (de Philippe huet net gezéckt gehat, fir eng Allianz mat den Englänner, de Feinde vu Frankräich, ze maachen), dee 1435 mam Traité vun Arras op en Enn goung. Dora war ë. a. och festgehalen, datt dem Philippe säi Jong eng franséisch Prinzessin bestuede sollt.

Dofir gouf de Charles mat just 7 Joer mam Catherine de Valois, der Duechter vum franséische Kinnek Charles VII. bestuet, déi der dunn 12 hat. Si ass 1446 mat 18 Joer gestuerwen. Duerno huet hien d'Niëss vu sengem Papp, d'Isabelle de Bourbon, bestuet, déi gläichzäiteg och d'Kusinn vum Kinnek vum Frankräich war. Si krute just ee Kand, dat iwwerlieft huet, d'Maria vun der Bourgogne, déi sou eenzeg Ierwin vun de burgundeschen Territoire gouf.

De Charles huet, wéi e bis Herzog war, weider an der haideger Belsch Territoiren eruewert: 1466 Dinant a 1467 d'Prënzbistum Léck (wouvunner e Vogt gouf).

De franséische Kinnek Louis XI. huet dem Charles Verrot virgeworf an huet e puer Stied un der Somme eruewert. De Charles ass doropshi mat enger grousser Arméi a Frankräich agefall, huet Nesle eruewert an d'Bevëlkerung massakréiere gelooss. De Charles huet sech mam Edward IV. vun England alliéiert, wéi dee Frankräich eruewere wollt, iwwerdeems de franséisch Kinnek Louis XI. mam däitsche Keeser, den Habsburger an der Schwäizer Konfederatioun gefouert huet, fir d'Bourgogne vun Osten hier z'attakéieren.

De Charles huet bannepolitesch virun allem d'Arméi reorganiséiert an d'Verwaltung zentralisiéiert. Sou huet hien ë. a. de Grousse Conseil vu Mechelen agesat, eng Zort Parlament an Hougeriicht fir seng nidderlännesch Territoiren.

De Charles huet weider alles gemaach fir e Kinnekräich Bourgogne opzeriichten. Ufanks an déi burgundesch Territoiren ze vergréisseren: 1469 krut e vum Äerzherzog vun Éisträich, dem Sigismund, d'Grofschaft Pfirt, d'Landvogtei Uewer-Elsass an de Breisgau als Pand. 1472-1473 konnt en d'Nofolleg vum Herzogtum Geldern kafen. 1473 wollt e mam däitsche Keeser Friedrich III. zu Tréier en Accord ënnerschreiwen, datt dem Charles seng Duechter Maria dem Keeser säi Jong, de Maximilian sollt kënne bestueden, iwwerdeems hie réimesche Kinnek géif ginn. Déi Verhandlunge goufen awer ofgebrach, notamment well d'Kurfürste sech um prunkvollen Optrëtt vum Charles gestéiert gehat sollten hunn.