Karelsbréck

Vu Wikipedia
Kar(e)lsbréck
vun Osten aus
Geographie
Land Tschechien
Plaz Prag
Koordinaten 50° 05’ 11.20’’ N
      14° 24’ 42.68’’ O
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer Vltava
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 515,75
Felder/Béi 16 Béi
Breet 10
Material Steng
Bemierkungen
Opgaangen 1380
Architekt(en)
Konzeptioun
Oto (Peter Parler)

D'Kar(e)lsbréck (Tschechesch : Karlův most) ass eng Bréck aus dem 14. Joerhonnert an der tschechescher Haaptstad Prag, déi d'Quartieren Staré Město ("Alstad") a Malá Strana ("Kleng Säit") verbënnt. Bis 1741 war et déi eenzeg Bréck iwwer d'Vltava (Moldau) zu Prag.

Den Numm ass eréischt zanter dem 19. Joerhonnert geleefeg (virdrun housch se "Stenge Bréck") a bezitt sech op de béimesche Kinnek an däitsche Keeser Karel IV., ënnert deem d'Bréck gebaut gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Der Traditioun no wier de Peter Parler den Architekt vun der Bréck gewiescht, ma 2007 koum eraus, datt et e gewëssen Oto war, an de Parler se just fäerdegbaue gelooss huet.

De Grondstee gouf 1357 geluecht, 1380 war se fäerdeg. Si ersetzt d'Judith-Bréck, déi kuerz virdrun duerch en Héichwaassser ewechgerappt gi war. Virbild war d'Steinerne Brücke zu Regensburg. Op hiren zwee Enner ass d'Karelsbréck duerch en Tuerm geschützt. Der Legend no hunn d'Baueren aus der Ëmgéigend Tonne vun Eeër erbäitransportéiert, fir dës an d'Speis ze verréieren, fir dass d'Bréck besonnesch stabil sollt ginn.

Panorama vun der Karelsbréck (Südsäit)

Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vum 17. an 18. Joerhonnert, tëscht 1683 a 1714 gouf d'Bréck, nom Modell vun der Engelsbréck zu Roum, mat am Ganzen 30 stenge Statue gerëscht, déi nach haut do stinn (verschiddener goufen duerch Kopien ersat). Ënnert hinnen ass déi vum Bommenzinnes, dem hellegen Nepomuk, dee vun do 1393 an d'Vltava gehäit gi war, well en dem Wenzel IV. net wollt verroden, wat seng Fra him gebeicht hat. Déi meescht si vun de Barock-Sculpteure Jan Brokoff a sengem Jong Ferdinand Maximilian Brokoff, an dem Matthias Bernhard Braun.

Südsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:

Nordsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karelsbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien