Karl Friedrich Küstner

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Karl Friedrich Küstner
Karl Friedrich Küstner by Faßbender.jpg
Gebuer 1856
Gestuerwen 15. Oktober 1936
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Stroossbuerg
Aktivitéit Astronom
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Preisesch Wëssenschaftsakademie
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Karl Friedrich Küstner gebuer den 22. August 1856 zu Görlitz, a gestuerwen de 15. Oktober 1936 zu Mehlem (haut en Uertsdeel vu Bonn) war Professer fir Astronomie zu Bonn an ass den Entdecker vun der Polbewegung.

De Küstner war Observateur am Hamburger Observatoire a spéider am Observatoire zu Berlin. Vun 1891 bis 1925 war en Direkter am Observatoire zu Bonn.

Am Joer 1888 huet e festgestallt, datt a laange Miessreien d'Breet e klenge periodeschen Afloss vu ronn 0,3" (10 Meter) optrëtt. Et mécht nëmmen 1 Milliounstel vum Äerdradius aus, a louch deemools haart un der Grenz vun der Nowäisbarkeet.

No haitegen Erkenntnesser verleeft d'Polbewegung a Form vun enger Spiralschwéngung vu 5 bis 10 m a ronn 430 Deeg (Chandler-Period).

Opgrond vum Küstner sengen Entdeckungen, déi ënner anerem vum Seth Carlo Chandler a vum Richard Schumann méi no ënnersicht goufen, hunn d'Astronomen den Internationale Breedendéngscht gegrënnt mat weltwäit 5 Observatoiren op der 39° Breet (spéider International Polar Motion Service (IPMS) an International Earth Rotation and Reference Systems Service (IERS, Internationalen Äerdrotatiounsdéngscht).

De Küstner huet 1905 d'Sonneparallax an d'Aberratiounskonstant mat spektrographesche Miessungen ermëttelt. Hien huet och e Stärekatalog (1908) mat 10.663 Stäreplazen opgestallt.

1910 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]