Karl Jatho

Vu Wikipedia
Karl Jatho
Gebuer 3. Februar 1873
Hannover
Gestuerwen 8. Dezember 1933
Hannover
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Erfinder, Pilot

De Karl Jatho, gebuer den 3. Februar 1873 zu Hannover, an do gestuerwen den 8. Dezember 1933, war en däitsche Fluchpionéier an deen éischte Mënsch, deen nogewisenermoossen e motoriséierte Vol mat Erfolleg duerchgefouert huet.

Als Inspekter am technesche Revisiounsbüro vun der Stad Hannover huet de Jatho 1896 säin éischte Seegelfliger an engem Schapp bei der Stad gebaut. Well hien net zefridde war mat sengem éischte Vol, a well en onroueg war nom déidlechen Accident vum Otto Lilienthal am selwechte Joer, huet hie säi Fliger stänneg perfektionéiert.

Den 18. August 1903, véier Méint virum éischte gesteierte Motorflug vun de Bridder Wright, huet en een ongesteierte Motorflug an der Vahrenwalder Heide bei Hannover duerchgefouert, dee „vu véier Aenzeien notariell bestätegt“ ginn ass. Säi Fliger, en 10-PS-Doppeldecker mat 36 m² Fligelfläch, ass ronn 20 Meter wäit knapps 30 cm iwwer dem Buedem geflunn. De Jatho huet dës Leeschtung dräi Méint méi spéit mat engem 80 Meter laange Vol an enger Héicht vun 2,70 m verbessert.

Ob een de Karl Jatho oder d'Bridder Wright als déi Piloten ukucke soll, déi den éischte kontrolléierte Fluch realiséiert hunn, ass haut ëmmer nach ëmstridden.

Jatho-Monument no bei sengem éischte Fluchterrain

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Jatho – Biller, Videoen oder Audiodateien