Karl Rosenkranz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Karl Rosenkranz
Gebuer 23. Abrëll 1805
Magdeburg
Gestuerwen 14. Juni 1879
Königsberg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Philosoph, Literaturhistoriker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller

De Johann Karl Rosenkranz, gebuer den 23. Abrëll 1805 zu Magdeburg, a gestuerwen de 14. Juni 1879 zu Königsberg a Preisen, dem haitege Kaliningrad, war en däitsche Philosoph.

Hie war e Schüler vum Georg Wilhelm Friedrich Hegel.

De Karl Rosenkranz war de Jong vun engem Steierbeamte vu Magdeburg. Zu Berlin, zu Halle an der Saale an zu [[Heidelberg huet en Theologie a Philosophie studéiert. Ausseruerdentleche Professer gouf hien 1831 zu Halle an 1833 uerdentleche Professer zu Königsberg mat 26 Joer.

Seng éischt wëssenschaftlech Aarbecht Encyklopädie der theologischen Wissenschaften koum 1831 eraus, dem Joer an deem den Hegel gestuerwen ass.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Rosenkranz huet 65 sebstänneg Aarbechten an 250 Bäitäg an Zäitschrëften an Athologieë geschriwwen.

  • Psychologie oder die Wissenschaft vom subjectiven Geist, 1837
  • Über den Begriff der politischen Partei, 1843,
  • Metamorphosen des Herzens. Eine Confession, 1847, Gedichter

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Briefwechsel zwischen Karl Rosenkranz und Varnhagen von Ense, 1992, Egelsbach, Hänsel-Hohenhausen
  • Karl Rosenkranz: Das Epos der Kirche, 2006, Zürich, Literatur-Agentur Danowski. Dat ass e Reprint vun der Anton und Gelbcke-Editioun, déi 1830 zu Halle ënner dem Titel Geschichte der deutschen Poesie im Mittelalter editéiert gouf.
  • Dieter Kliche (Erausg.): Karl Rosenkranz: Ästhetik des Häßlichen, 2007, Philipp Reclam jun., Stuttgart. Mat engem Nowuert vum Editeur, dem Dieter Kliche.
  • Joachim Butzlaff (Erausg.): Karl Rosenkranz. Briefe 1827 bis 1850, Berlin, New York: de Gruyter 1994. (Quellen und Studien zur Philosophie. Bd. 37.)