Karolengesch Minuskel

Vu Wikipedia
Schrëftzuch a karoléngescher Minuskel

Dës Schrëft ass ëm 800 n. Chr. am Ëmfeld vum Karel de Groussen entstanen. Si gouf virun allem am Klouschter vu Corbie a spéider och am Klouschter St. Martin zu Tours, ënner dem Abt Alkuin vu York, entwéckelt, fir am ganze Fränkesche Räich eng eenheetlech Buch- a Verwaltungsschrëft ze schafen. Si huet Elementer aus den Unzialen an aus der Kursivschrëft an et ass eng einfach a kloer Schrëft. Den "i" huet nach kee Punkt an de "s" ass laang.

Doduerch, datt de Karel de Groussen den antike Schoul- a Bildungssystem nei beliewe léisst, gouf eng Réckbesënnung op d'buchstawéierend Schreiwe staark gefuerdert. D'Karolengesch Minuskel huet sech zanter dem 9. Joerhonnert vun de Schreifzentre vum Karolengerräich, Tours, Reims an Oochen ganz séier ausgebreet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karolengesch Minuskel – Biller, Videoen oder Audiodateien