Karolinger

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stammbum vun de Karolinger

Den Numm Karolinger geet zréck op de fränkeschen Hausmeier Karl Martell a bezeechent en Herrschergeschlecht vun de Franken. D'Virfahre vun de Karolinger sinn den Arnulf vu Metz aus dem Geschlecht vun den Arnulfinger an de Pippin den Eeleren aus dem Geschlecht vun de Pippiniden. D'Karolinger waren zanter 639 mat Ënnerbriechungen, am Frankeräich un der Muecht, allerdéngs net als Kinneken (déi iwwer ee Joerhonnert laang d'Merowinger waren), mä als Hausmeier. Bis an d'Mëtt vum 8. Joerhonnert konnten se hir Muecht sou wäit ausbauen, datt kee merowingesche Kinnek, deen dëst just pro forma war, missen ernannt ginn.

De Pippin de Jéngeren gouf 751, ënnerstëtzt vum Poopst, vun de fränkeschen Adlegen zum Kinek vun de Franke akklaméiert. Dee bekanntste Vertrieder vun der Dynastie vun de Karolinger, de Karel de Groussen, huet dat neit westréimescht Keesertum gegrënnt, andeems e sech de 25. Dezember 800 zu Roum vum Poopst Leo III. zum Keeser salben a kréine gelooss huet.

Nom Karel dem Grousse gouf 814 de Louis de Fromme Keeser, well dem Karel seng eeler Jongen, de Karel de Jéngeren an de Pippin de Bocklege scho virun him gestuerwe waren. Mä nach zum Louis dem Fromme senge Liefzäiten hunn deem seng Jongen, de Lothar I., Ludwig II., Pippin a Charles II. „de Plakapp“ a verschiddene Koalitiounen sech géint hire Papp rebelléiert a sech géigesäiteg bekämft, woubäi allerdéngs de Rang vum Keeser, deen de Lothar zanter 817 als Matkeeser vu sengem Papp hat, ni a Fro gestallt gouf. 843 hu sech déi dräi Bridder, déi iwwerlieft haten, nämlech de Lothar I., de Ludwig II. an de Charles II. am Traité vu Verdun gëeenegt, hir Herrschaft (awer net d'Räich) ze deelen. Am Traité vu Meerssen gouf d'Herrschaft 870 tëscht dem Charles II. an dem Ludwig II. op en neis gedeelt, nodeem dem Lothar seng Jongen ouni Ierwe gestuerwe waren. De Charles III. „den Décken“, Kinnek vun Ostfranken, huet 885 fir kuerz Zäit déi zwéin Deeler vu Franke gëeent. No him koumen nach als Keeser den Arnulf vu Kärnten an de Louis III. „de Blannen“. Duerno sinn d'Karolinger als Keesergeschlecht ausgestuerwen.

D'Geschlecht vun de Karolinger huet an ënnerschiddleche Konstellatiounen Mëtteleuropa bis 987 beherrscht an hat e groussen Afloss op déi fréimëttelalterlech Welt. Sou kann den Traité vu Verdun (843) als Ausgangspunkt ugesi ginn, un deem Frankräich an Däitschland als Länner entstane sinn. An der Herrschaft vun de Karolinger läit och den Urspronk vun der federativer an dezenraler Struktur vun der Herrschaftsausübung um Gebitt vum haitegen Däitschland.

Wéi déi ostfränkesch Linn911 mam Louis dem Kand ausgestuerwen ass, sinn d' Ottonen nokomm. Am Westfrankeräich waren nach bis 987 Karolinger un der Muecht, duerno sinn d'Kapetinger drukomm.

D'Stilepoch an der Architektur vun där Zäit, eng Form fu Virromanik, gëtt „karolingesche Baustil“ genannt.

Herrscher[änneren | Quelltext änneren]

Pippinidesch a Karolingesch Hausmeier[änneren | Quelltext änneren]

Karolingesch Kinneken[änneren | Quelltext änneren]

Karolingesch Keeseren[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vum Ostfrankeräich[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun Italien[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vu Lotharingien[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vum Westfrankeräich[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun der Aquitaine[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun der Ënneschter Bourgogne[änneren | Quelltext änneren]

Herzoge vun Nidderloutrengen[änneren | Quelltext änneren]

Soss Herrscher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Hubert Anton, Fürstenspiegel und Herrscherethos in der Karolingerzeit, Bonn : Röhrscheid, 1968, 462 S.,(=Bonner historische Forschungen Bd. 32) Zugl.: Bonn, Univ., Diss., 1966
  • Pierre Riché, Dictionnaire des Francs vol. 2. Les Carolingiens, éd. Bartillat, 1997 (ISBN 2841001253)
  • Rosamond MacKitterick, The Frankish kings and culture in the Early Middle Ages, Aldershot : Variorum, 1995, ISBN 0-86078-458-4
  • Rosamond MacKitterick, The Carolingians and the written word, Cambridge 1989, 290 S., ISBN 0-521-30539-X, 0-521-31565-4
  • Walter Mohr, Die Karolingische Reichsidee, Münster 1962, 243 S.
  • Arno Borst: Die karolingische Kalenderreform. Monumenta Germaniae Historica Band 46, Hahn, Hannover 1998, ISBN 3775254463
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger, 4. Aufl., Stuttgart 2006, ISBN 3-17-019099-7
  • Arno Borst: Der Streit um den karolingischen Kalender. Monumenta Germaniae Historica, Studien und Texte Band 36, Hahn, Hannover 2004, ISBN 3775257365
  • Reinhold Andert: "Thüringen und Sachsen unter den Karolingern", In: "Der fränkische Reiter", Dingsda-Verlag Querfurt, Leipzig 2006, ISBN 3-928498-92-4

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frankish kings – Biller, Videoen oder Audiodateien