Karst

Vu Wikipedia
Tuermkarst-Landschaft, Guilin (China)
Pinnacle-Karst-Landschaft, Shilin (China)
Glaziokarst-Landschaft, Orjen (Montenegro)
Karst-Waasserfäll a Séielandschaft: Nationalpark Plitwitzer Séien (Kroatien)
Karst am Torcal de Antequera, Andalusien, (Spuenien)
Karstlandschaft bei Minerve, a Frankräich.

Karst ass eng geomorphologesch Struktur, déi aus der hydrocheemescher Korrosioun, an hydraulescher Erosioun, vu Fielsen aus léislechem Gestengs (Karbonatgestengs), virun allem op Basis vu Kallek (dorënner Kräid an Tuff), entstanen ass. Et schwätzt een dofir vu Karst-Hielen an Uewerfläche-Karst.

Typesch fir Karst-Landschafte sinn "opgewullt" Landschafte mat Grotten, Hielen, Splécken, agesackten oder ofgebréckelte Fielsen, souwéi engem hydrographesche System, deen dacks ënnerierdesch verleeft.

Karst huet säin Numm vum Kalleksteen-Plateau tëscht Italien, Slowenien a Kroatien, deen op Däitsch "Karst", op Italiensch "Carso" an op Sloweenesch "Kras" genannt gëtt.

De serbesche Geolog Jovan Cvijić huet d'Spezifizitéite vum "Karst" a sengem Artikel Das Karstphänomen beschriwwen an den Numm verallgemengert, sou datt en op Formatiounen aneschtwous iwwerdroe gouf.

Karst gëtt et ronderëm d'ganz Welt, an Europa z. B. am Mëttelmierraum, der Schwäbescher an der Fränkescher Alb, dem Jura, souwéi an de Kallek-Alpen, ma och a Südostasien a Südchina, de Groussen Antillen an am Malaieschen Archipel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]