Kasachstan
| Dëse Geographiesartikel iwwer de Kasachstan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Қазақстан Республикасы Qazaqstan Respublїkas |
|||||
|
|||||
| Offiziell Sprooch: | Kasachesch (Nationalsprooch), Russesch |
||||
| Haaptstad: | Astana | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Nursultan Nasarbajew | ||||
| • Premierminister: | Kärim Mässimow | ||||
| Fläch: | 2 724 900 [1] km² | ||||
| • Dovu Waasser: | 1,7 % | ||||
| Bevëlkerung: | 14 953 126 [2] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 5,48/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | vun der Sowjetunioun, de 16. Dezember 1991 |
||||
| Nationalfeierdag: | 16. Dezember | ||||
| Nationalhymn: | Zharalghan namystan qaharman | ||||
| Währung: | Tenge | ||||
| Zäitzon: | UTC +4 bis +6 | ||||
| Internet TLD: | .kz | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+7 | ||||
Kasachstan (kasachesch: Қазақстан/Qasaqstan, russesch: Казахстан) ass e Staat an Zentralasien. D'Land grenzt am Norden u Russland, am Osten u China, am Süden u Kirgisistan, Usbekistan an Turkmenistan an am Westen u Russland an d'Kaspescht Mier. Streng geholl gehéiert de westleche Wupp vu Kasachstan geographesch nach zu Europa well en nach westlech vum Ural läit (ronn 5 % vum Staatsterritoire).
Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kasachescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.
De Kosmodrom am kasachesche Baikonur ass dee gréisste Rakéitenzenter op der Welt. D'Infrastruktur ass bis 2050 un d'Russesch Federatioun verlount. D'Haaptstad vu Kasachstan ass zanter 1997 Astana.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Kasachstan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik, an där de Staatschef all 7 Joer direkt gewielt gëtt. D'Parlament besteet aus dem Ënnerhaus mat 77 Memberen, déi all 5 Joer gewielt ginn, an de Senat mat 39 Memberen, déi fir 6 Joer gewielt si vun deenen der 7 vum Staatpresident ernannt ginn. All 3 Joer sinn Deelwalen.
D'Walrecht fänkt mat 18 Joer un.
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Vereent Natiounen, 2004
- ↑ Zuele vun der leschter Vollekszielung, de 26. Februar 1999 (via UNO)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Kasachstan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Maldiven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palestina - Philippinnen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadjikistan - Taiwan - Thailand - Tierkei - Timor-Leste - Turkmenistan - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emiraten - Vietnam - Zypern