Kategorie Diskussioun:Buergen a Schlässer zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misst déi hei Kat net Lëtzebuerger Buergen a Schlässer heeschen ? --Alexandra 08:17, 14 Oktober 2006 (UTC)

Cf. Diskussioun vum 19. September 2009 http://lb.wikipedia.org/wiki/Kategorie_Diskussioun:Buergen_a_Schl%C3%A4sser

Eng aner Saach: fir eng Buerg oder e Schlass ze fannen muss een mat dem System hei vir d'éischt wëssen ob dat Gesichten eng Buerg oder e Schlass ass, wier et nët méi einfach fir d'Lëscht no der Uertschaft ze sortéieren an den Objet a Klameren hannendru setzen?

--Christian Ries 13:39, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

wier et nët méi einfach fir d'Lëscht no der Uertschaft ze sortéieren[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Am Prinzip ass d'Lëscht jo no den Uertschaften zortéiert. Et fällt engem just net op, ob et en Artikel vun der Buerg oder vum Schlass ass, deen do blo steet, oder ee vun de Uertschaft.

Dofir hunn ech emol ënner B e Versuch gemaach fir dat anescht ze presentéieren. All aner Iddi déi d'Saach nach verbessere kéint ass wëllkomm. Merci am viraus fir d'Mataarbecht.

Les Meloures 18:21, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo dat ass e flotte Wee fir de Problem ze léisen. Mä wier et nët méi sënnvoll, einfach d'Uertschaft ouni Link z'ernimmen an hannendrun den Numm vum Objet opzelëschten? Dat wier méi einfach ëmzesetzen a ass méi einfach ze flegen.
D'Nimm missten och nach eenheetlech gestallt ginn, z.B. misst et nët Schlass Beetebuerg amplaz Beetebuerger Schlass heeschen ? --Christian Ries 07:07, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,

Tjo, dat mat de Wikisnimm ass eng komesch Saach. Mär wellen d'Saachen anscheinend net esou nennen wéi d'Leit derfir soen. Ech hunn nach ni ee Mënsch héiere soen: ech ginn an d'Schlass Veianen, oder an d'Schlass Beetebuerg.

De vu oder vun ass äis anscheinend zevill an esou engem Lemma. D'Fransousen hunn dee Problem net. Déi schreiwen den de dertëscht. Wann ech Schlass XXX liesen dann ass dat fir mech den Numm vum Schlass. Dobäi hunn déi meescht Schlässer a Buerge keen eegenen Numm.

Beetebuerger Schlass kënnt mer op jiddfer Fall besser vir wéi Schlass Beetebuerg. Les Meloures 07:43, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo domat hues Du wuel Recht, ech hat gemengt an der Wiki wier et ubruecht, Saachen eenheetlech ze benennen. Et kéint een jo den Artikel nom Schema "Schlass Beetebuerg" benennen, an dann am éischte Saz "Beetebuerger Schlass" soen an zousätzlech d'Säit "Beetebuerger Schlass" als Redirect ariichten? D'Beispill Veianen ass nach anescht: den Artikel heescht Buerg Veianen, mä d'Leit soen Veianer Schlass (respektiv Schlooss). Op franséisch: château-palais de Vianden. --Christian Ries 08:06, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Richteg ass schonn datt et soll méi eenheetlech sinn, fir dat ee sech bei enger Sich kann drop verloossen. Perséinlech hunn ech eppes géint dee preiseschen Tellegraphestil, wéi Burg Vianden etc. Op däitsch seet dat sech nach Besser wéi op lëtzebuergesch. Firwat brénge mer et net färdeg fir de Lemma z.b Schlass vu Veianen ze nennen oder Buerg vu Branebuerg. Ass de vun wierklech zevill am Lemma. Redirecten kann een nach ëmmer maachen wann dat eppes hëlleft. Les Meloures 09:07, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech giff et och besser fannen Beetebuerger Schlass och Buerg vu Veianen ze schreiwen wéi Schlass Beetebuerg oder Buerg Veianen. Ech glewe kaum datt een no enger Buerg Veianen sicht, mä éischter no der Buerg vu Veianen. --Alexandra 09:21, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Schlass Mittenthal[Quelltext änneren]

Am Listing vun desem Geocache ass hei an der Géigend vun Biergem vun engem Schlass riets (http://coord.info/GC27WCR). Op den Karten vum Geoportail kann een tatsächlech, aawer en Stéck ewech vum Geocache, laanscht en Wee en Weier resp. en Gruew erkennen deen eng Ronn Form haat an vun enger Säit accessible gewierscht muss sinn. Vu dat am Wiki näischt dran steet vun desem Schlass wollt ech mol aawer Notiz dovunner ginn.

Intressant! Ech knäppe mer mol deen Artikel iwwer fr:Maison de Mercy vir an iwwersetzen deen.

--Zinneke (Diskussioun) 16:03, 24. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]