Kategorie Diskussioun:Fagaceae

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gëtt et e lëtzebuergeschen Numm fir dës Planzen? Buchengewächse op däitsch --Alexandra 09:22, 31. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Wann déi däitsch se Buchengewächse nennen, an d'Buche Fagus heeschen kéinte mer se vläicht Bucheplanze nennen. Dat awer nëmme just wann een en onbedingt e lëtzbuergeschen Numm wëllt ginn.

Hei ënnendrënner mol e puer Kategorien wéi mer alles nennen. Bal sinn et Planzen, bal sinn et Gewächser an dacks steet de wëssenschaftlechen Numm, an aner hu Fantasienimm.

Et wir net schlecht wa mer ons fir eng uniform Linn kéinten decidéieren. Menger Meenung no wier et am einfachsten mat dem Wëssenschaftlechen Numm ze fueren. Doriwwer ass am Ufank jo vill dikutéiert ginn an dem Cornischong seng Proposë goufen deemols vun enger Equipe déi alles besser wollt maachen op Kopp gehéit. D'Resultat dovunner ass de schéinsten Tuttifrutti:

  • Kategorie:Ausgestuerwe Planzen
  • Kategorie:Magnoliopsida
  • Kategorie:Somplanzen
  • Kategorie:Bléieplanzen
  • Kategorie:Doldebléier
  • Kategorie:Caryophyllidae
  • Kategorie:Fuusseschwanzplanzen
  • Kategorie:Liliidae
  • Kategorie:Myrtales
  • Kategorie:Lëpsebléieplanzen
  • Kategorie:Lamiales
  • Kategorie:Nuetsschiedgewächser
  • Kategorie:Solanales
  • Kategorie:Scheekefriichten
  • Kategorie:Moosplanzen
  • Kategorie:Riefgewächser
  • Kategorie:Vitales
  • Kategorie:Malvaceae
  • Kategorie:Malvales
  • Kategorie:Amaryllisplanzen
  • Kategorie:Ginkgoplanzen
  • Kategorie:Gefässplanzen
  • Kategorie:Rouseplanzen
  • Kategorie:Hanfplanzen
  • Kategorie:Malpighiales
  • Kategorie:Vioulen
  • Kategorie:Rosopsida
  • Kategorie:Spargelplanzen
  • Kategorie:Liliopsida
  • Kategorie:Asteridae
  • Kategorie:Ënneplanzen
  • Kategorie:Asteraceae
  • Kategorie:Schwertlilieplanzen
  • Kategorie:Hyazinthplanzen
  • Kategorie:Mausdarplanzen
  • Kategorie:Caryophyllales
  • Kategorie:Myrtaceae
  • Kategorie:Asparagales
  • Kategorie:Apiales
  • Kategorie:Asterales
  • Kategorie:Fabales
  • Kategorie:Rosidae
  • Kategorie:Rosales
  • Kategorie:Araukarieplanzen
  • Kategorie:Nolholzplanzen
  • Kategorie:Zypresseplanzen
  • Kategorie:Sapindales

Les Meloures 10:43, 31. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Du hues Recht mat dem waats de sees. Ech wier och frou iwwert eng propper Léisung. Mir haten emol eng Kéier festgehaalen, datt wann et lëztebuergesch Nimm ginn, dass mir déi huelen, anerefalls déi wëssenschaftlech huelen. Allerdéngs sinn ech net e Profi an de Planzennimm op lëtzebuergesch an dat wat een am alldéigleche Sproochgebrauch benotzt ass net ëmmer richteg, wéi ech scho méi dacks gemierkt hunn :-) Ech wier nach ëmmer dofir fir esouwäit wéi méiglech déi lëtzebuergesch Nimm ze benotzen, esoulang et der ginn. Fir se z'erfannen, ass natierlech keng Léisung. --Alexandra 10:54, 31. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]