Kategorie Diskussioun:Gouverneure vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eng an déi selwecht Persoun?[Quelltext änneren]

An der Kategorie vun de Gouverneure ginn et zwéin Artikelen, wou ech mech froen op et sech dobäi net em eng an déi selwecht Persoun handelt:

Handelt et sech heibäi net em den Philippe de Ligne-Arenberg, prince de Chimay et de Croy d'Arenberg (1619–1675) wéi en an der Liste der Gouverneure von Luxemburg an der däitscher Wiki steet? - Merci fir Är Hëllef --GilPe (Diskussioun) 05:47, 29. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Jo dat ass deen; e gëtt dacks awer just ënner dem Numm Philippe d'Arenberg gefouert. Déi aner Titelen hat en net am Ufank. En huet déi eréischt méi spéit beim Doud vu sengem Brudder, dee keng Kanner hat, geierft. E war Gouverneur vu Lëtzebuerg a vum Hainaut --Les Meloures (Diskussioun) 07:36, 29. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Moien, dat misst effektiv zesummegeluecht ginn, woubäi et quokeleg dierft ginn, wéi déi 'richteg' Kuerzform fir d'Lemma soll sinn. Fir d'Saach e bësse méi komplzéiert ze maachen: An deem engen Artikel steet, d'Chimaysgaass wier no him genannt, am aneren, d'Beaumontsdgaass. Um Schëld vun der Beaumontsgaass sinn Datumen, déi eise Philippe no eréischt sengem Doud zum Gouverneur maache géifen, wann hien et da wier. Do bleift nach jett nozekucken. Merci emol un de GilPe fir d'Lëscht vun de Gouverneuren, déi et hëlleft, e besseren Iwwerbléck ze kréien. Eenzege Probleem vu där Lëscht: et gëtt keng Quell (ausser eng Referenz op e Privatsite, dee selwer awer net ugëtt wou d'Informatiounen hier sinn). Wann een e Buch oder Artikel kennt, wou ee méi zu deene sëlleche Gouverneure ka gewuer ginn (ë.a., wat hir genee Fonctiounen a Pouvoire waren, oder wat hir Originnen ugeet, asw.), wier dat natierlech hëllefräich. --Zinneke (Diskussioun) 09:13, 29. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Den Numm vun der Beaumontsgaass geet warscheinlech op den Ernest zréck dee jo och Gouverneur vu Lëtzebuerg war. --Les Meloures (Diskussioun) 09:20, 29. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Jo, ech sinn och zu däer Conclusioun komm; ech probéieren déi eenzel Artikelen à jour ze setzen. --GilPe (Diskussioun) 10:43, 29. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]