Kategorie Diskussioun:Wirtschaftlech Interessevereenegungen zu Lëtzebuerg
Sujet derbäisetzenAusgesinn
(Virugeleet vu(n) Kategorie Diskussioun:Groupement-d'intérêt-économiquen zu Lëtzebuerg)
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Méint vum GilPe am Sujet Lëtzebuergesch amplaz Franséisch
Lëtzebuergesch amplaz Franséisch
[Quelltext änneren]Kéint déi Kategorie net och vläicht: Ekonomesch Intressegruppementer zu Lëtzebuerg heeschen? Puscas (Diskussioun) 13:17, 23. Okt. 2025 (UTC)
- Moien,
- „Ekonomesch Intressegruppementer“, „Ekonomesch Interessevereenegungen“ oder „Wirtschaftlech Interessevereenegungen“ … et gëtt eng Rëtsch Méiglechkeeten. Ech hu mech op déi frankophon Versioun baséiert, well dacks de Kierzel „GIE “gebraucht gëtt an do huet et mer logesch geschéngt d'Kategorie dodrun unzepassen. | GilPe (Diskussioun) 15:33, 24. Okt. 2025 (UTC)
- Wann e franséische Kierzel een dervun ofhält fir enger Kategorie e lëtzebuergeschen Numm ze ginn, amplaz sou e verquarkste franséischen Numm, da gesinn ech noir fir d'Wikipedia op lëtzebuergesch. --Puscas (Diskussioun) 10:43, 31. Okt. 2025 (UTC)
- Moie @Puscas,
- Ech striewe mech net géint e lëtzebuergeschen Numm vun der Kategorie, ech hu just erkläert firwat ech op déi franséisch Bezeechnung zeréckgegraff hunn. Well ech awer verschidde Méiglechkeete gesi wéi mer dat Déngen dann op lëtzebuergesch nenne sollen, sollte mer zu engem Konsens kommen. Ass et ekonomesch oder wirtschaftlech? -gruppementer oder -vereenegungen?
- Mir hunn zwar d'Kategorie:Ekonomie vu Lëtzebuerg, awer Artikele wéi Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun a Lëtzebuergesch Wirtschaftsstruktur…
- Op guichet.lu schwätzen s'an der däitscher Versioun vun „Wirtschaftliche Interessengemeinschaft“. Sollte mer d'Kategorie dann an „Wirtschaftlech Interessevereenegungen“ ëmnennen?
- (PS: zu Lëtzebuerg besteet de GIE nach ëmmer) | GilPe (Diskussioun) 11:26, 31. Okt. 2025 (UTC)
- Jo a besonnesch well et jo och nach vläicht anerer gëtt, déi net ënner dem lëtzebuergesche Statut vun enger GIE sinn, an awer eng wirtschaftlech Interesseveenegung sinn oder kënne ginn, wéi z.B. am Kader vun enger europäescher Vereenegung. Puscas (Diskussioun) 12:41, 31. Okt. 2025 (UTC)
- Okee, ech këmmere mech drëm wann ech mat mengem aktuelle Projet fäerdeg sinn. | GilPe (Diskussioun) 13:28, 31. Okt. 2025 (UTC)