Kategorie Diskussioun:Kosovo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kategorie Serbien...[Quelltext änneren]

...erausgeholl wëll de Kosovo de facto scho laang keen Deel vu Serbie méi ass an de jure vun 98 Länner op der Welt unerkannt gëtt. Dann muss schon éischter eng Kategorie Partiell unerkannte Länner oder änleches gemach ginn. Den däitschen a franséische Wikipedia gi Serbien iwwregens och net als Kategorie. --Bdx (Diskussioun) 07:54, 16. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

De facto ok, aber och do bilt den Nordkosovo eng Ausnam. De jure heescht dat am Ëmkéierschloss awer datt d'Hallschent vun de Länner vun der Welt de Kosovo eben net unerkennt, a vun deenen di et awer gemat hunn do hunn déi allermannsten en Ambassadeur geschéckt, jo vill hunn der nach net emol diplomatesch Bezéiungen opgeholl. An historesch gesi passt de Kosovo nawell an d'Kategorie Serbien (woumat net just d'Republik Serbien gemengt ass), mer denken un d'Märelsfeld. 30 Wikie gi Serbien als Kategorie, dorënner och déi bedeitsam englesch! An da kommen nach zwou Wikien derbäi, notamment déi franséisch, déi wéinstens d'Geschicht vu Serbien als Kategorie ginn. Ech wier deemno dofir, déi wéi gesot net zwéngend op d'Republik Serbien hiweisend Kategorie Serbien nees derbäizesetzen, oder allerhéchstens "Länner an Europa" duerch "Ëmstriddenen Territoire" z'ersetzen (eng nei Kategorie déi een in fine mat engen 150 Artikele bevëlkere kéint). Edit: ech hat net gesinn, datt mer schonn eng Kategroie "De-facto-Regimer" hunn, déi bis ewell beim Kosovo-Artikel selwer stung. En attendant op Serbien zréckkënnt hunn ech dat dann hei dragesat. --Otets 16:45, 16. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Mat der neier Kategorie De-facto-Regimer sinn ech averstanen, och wanns du wells eng Kategorie Geschicht vu Serbien machen, well Kosovo jo en Deel vun der Geschichte ass (mee dann och Geschicht vun Albanien, ënner anerem wéinst der Liga vu Prizren).
"De facto ok, aber och do bilt den Nordkosovo eng Ausnam." Dat ass wouer, mee de leschte Gespréicher (wat zwar och net vill bedeite muss) gesäit et och net esou aus wéi wann den Nordkosovo zu Serbie géing zréckgoe, mee éischter dat se do eng alternativ Léisung géife fannen. Ufank 2013 sinn nämlech tëscht dem Nordkosovo a Serbien Grenzkontrollen mat Hëllef vun der europäescher Unioun agefouert ginn (neutraler, ouni Staatssymboler vu Kosovo oder Serbien).
"De jure heescht dat am Ëmkéierschloss awer datt d'Hallschent vun de Länner vun der Welt de Kosovo eben net unerkennt, a vun deenen di et awer gemat hunn do hunn déi allermannsten en Ambassadeur geschéckt, jo vill hunn der nach net emol diplomatesch Bezéiungen opgeholl." Dat stëmmt nët, am Kosovo ginn et sécher méi Embassade wéi zu Lëtzebuerg, a souguer Länner déi de Kosovo net unerkannt hunn, hunn offiziell Representatioune, déi just net Embassade heeschen (zum Beispill d'Vollëksrepublik China oder Russland). Wéi kënns du drop dat déi meescht nach keng diplomatesch Bezéiungen opgeholl hunn?--Bdx (Diskussioun) 07:52, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Gutt, dann hale mer déi Kategorie alt bäi. Wa mer méi Artikelen zur Geschicht kréichen, da kënne mer effektiv souwuel d'Geschicht vu Serbien wéi vun Albanien bäisetzen. Hale mer fest: mer sinn eis eens!
Jo. Et ass jo virun allem déi diskriminatoresch Inkonsequenz déi mech iergert. Wa se de Kosovo quasi zur Onofhängegkeet forcéiere wollten, firwat däerf déi bis ewell bosnesch Republika Srpska net dat selwecht Recht kréien? D'Nato huet do en dreckegt Spill gespillt mat de Serben - an eis an Europa hu se massiv belunn, op eng Aart a Weis déi absolut mat deer vum George W. ze vergläichen ass. Mee de facto ass et ebe wéi et ass, a mer bilden hei jo just d'Realitéit a keng Politik of, dofir soit.
Dat seet leider méi aus iwwer Lëtzebuerg wéi iwwert de Kosovo. Ech hu meng Infoe vun der de-wiki geholl gehat, do ass relativ vill wäiss bliwwen an der Tabell, wat se jo och uewen am Text soen. Datt China a Russland och do si wosst ech bis ewell net, merci! --Otets 12:22, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
OK, super datt een dat och ouni Edit-Krich regele kann :-) --Bdx (Diskussioun) 07:48, 18. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]