Op den Inhalt sprangen

Kategorie Diskussioun:Mäzenen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia

Dës Diskussioun gouf och op d'Säit Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass kopéiert.


Mäzenen ...oder awer Mäzeenen ? Vgl. : Wikipedia: Eis Schreifweis! Do steet: "De laang geschwaten e ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt (...)". Salut, Jim

Moie Jim.
ass en da laang gschwat?
Den DFL schreift op Säit 373 Mäzen. An op senger leschter Säit steet: Ce dictionnaire se base sur la nouvelle orthographe luxembourgeoise, telle qu'elle a été codifiée par le réglement ministériel du 31 juillet 1999 et par différentes modifications ultérieures décidées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Les Meloures 18:26, 19. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Informatioun. Mee "Mäze(e)n" gëtt effektiv laan geschwat! Den "accent tonique" ass och op der 2. Silb. Ech mengen, do ass eppes net klor. Salut, Jim

Remoien,
Mer musse vläicht waarde bis mer e lëtzebuergeschen Dictionnaire deen och Phonetik weist (Déi jo dann och misst Phoneetik) geschriwwe ginn. Mat der Arithmetik wier dann d'selwecht. Awer déi schreift souguer den LOD bei deem 37 Linguisten alles kontrolléieren éier et dra kënnt, net met duebelem e. Wann déi mol beim M sinn, da gi mer vläicht eppes weider gewuer. Et däerf een och net verwiesselen ob et just accentuéiert ausgeschwat gëtt oder wierklech laang, an ob et fir oder hanner enger betountert Silb steet oder aleng. Et ass net sou einfach, duerfir hale mer ons hei mol un déi rezent Wierderbiecher, well dat sinn déi eenzeg Quelle bis elo, déi mer hunn, an déi soe si wieren um neiste Stand. Les Meloures 21:59, 19. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

OK, a merci nach eng Kéier! Jim

Archivéierung vun der Säit „Kategorie Diskussioun:Konschtsponsoren“

[Quelltext änneren]

Ier ech d'Säit „Kategorie:Konschtsponsoren“ läschen, setzen ech hei ënnendrënner d'Diskussioun vun där Kategorie, an där et och drëms goung, datt „Kategorie:Mäzenen“ eigentlech e besseren Numm wier:

Salut alleguer! "Konschtsponsoren"... kléngt komesch bis net schéin, oder? 't gëtt dach e flott Wuert: Mäzeen/-en. Ech wier dofir, fir den Intitulé vun dëser Säit duerch << Mäzeenen>> ze ersetzen. "Sponsoren", dat ass am Sport a ronderëm d'Moud... Bis bal, Ben

Salut och,

Ech géif d'Iddi ënnerstëtzen, allerdéngs mat enger korrekter Schreifweis... De Jos

Léiwe Jos! Frou ze gesinn, dat een Ënnerstëtzung op lb:wikipedia fënnt. Mee d'geet - wéi et schéngt - ni ouni eng Drëps Gëft. Den Dixionär, deen ech extra consultéiert hunn (= Henri Rinnen), IER ech dee Message hei driwwer geschriwwen hunn, seet: mécène Mäzeen m. Wou hunn ech dann elo gesënnegt??? Bis soss, Jos! Däin neie Frënn Ben.

Resalut,

Si mam (=Henri Rinnen) deem seng Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch a Petit dictionnaire français-luxembourgeois gemengt? Just fir ze wësse vu wat mer schwätzen, éier mer weiderdiskutéieren. De Jos

Bonsoir,

"Mécène" ass franséisch; deemno hunn ech wuel den Dictionnaire français-luxembourgeois (2. Ausgab, 1996) benotzt... Vun engem "Petit" dic. fr.-lux. weess ech näischt. Weess de gudde Jos elo méi? Ech weess net, firwat seng Fro gutt war... Vläicht besteet de Problem doranner, dat de Maecenas etruskescher Ofstamung war... Ciao, Ben

Bonsoir och,
Mol Merci fir d'Informatioun. Jo de gudde Jos weess elo méi. E wees esouguer datt de franséische mécène op däitsch Mäzen heescht. E weess och datt am Reglement vun 1999 steet datt Wierder déi aus dem Däitschen iwwerholl ginn, d'selwecht wéi am Däitsche geschriwwe ginn. Den DFL deen 2006 erauskoum gesäit dat och esou (Säit 373).
Doriwwer eraus kann de gudde Jos net dreeme vu waterengem Wierk vum Rinne riets geet. Vu datt et dat vun 1996 war, steet fest datt et nach net un d'Schreifweisregele vun 1999 ugepasst war. Dat huet guer näischt mam Maecenas senger Ostamung ze dinn.
Da w.e.g. nach eppes léiwe Frënd Ben: Fill dech w.e.g net esou séier op d'Zéiwe getrëppelt, a werf anere Leit keng Gëftsprëtzereie vir, wann déi iwwer korrekt Schreifweis schreiwen. Déi Frënd de Jos.
Moien där léif IPEN Ben a Jos
Fir dem Diskutéiers hei weiderzehëllefen, kann ech iech just informéieren datt et eng Kategorie:Mäzenen zënter bal engem Joer gëtt. D'Gediskutéiers hat an deem Sënn net vill Zweck, mä et war fir iech vläicht e gudden Zäitverdräif. Les Meloures 17:34, 13. Sep. 2010 (UTC)

Bonjour alleguer! Kënnt d'Wuert "Mäze(e)n" aus dem Däitschen??? Muss sech Lëtzebuergesch nom Däitschen orientéieren??? Deemno wier Lëtzebuergesch dach an éischter Linn een däitschen Dialekt, oder??? De gudde Ben versteet nach ëmmer net, wat de gudde Jos déi ganzen Zäit wollt. Gutt, datt Les Meloures äis drop higewisen huet, datt et schonn eng Kategorie <<Mäzenen>> gëtt. Salut, Ben

--Volvox (Diskussioun) 21:57, 5. Jun. 2025 (UTC)Äntweren