Kategorie Diskussioun:Mathematesch Analysen
Sujet derbäisetzenDen Numm vun dëser Kategorie ass net richteg. De Begrëff Analys steet fir ee Gebitt vun der Mathé an net fir eng mathematesch "Analys" am ëmgangssprochleche Sënn, also gëtt et keng Mehrzahl. Dohier misst et heeschen: Kategorie:Mathematesch Analys oder Kategorie:Analys. --Volvox (Diskussioun) 17:17, 22. Dez. 2012 (UTC)
- Wann een dervun ausgeet datt et an Zukunft wahrscheinleich en etlech Ënnerkategorië gëtt wéi
- Kategorie:Asymptotesch Analyse,
- Kategorie:Asymptotesch geometresch Analyse,
- Kategorie:Komplex Analyse,
- an nach en etlech anerer dierft d'Méizuel wuel berechtegt sinn. --81.242.179.200 19:50, 22. Dez. 2012 (UTC)
Déi Argumentatioun funktionnéiert net. D'Analyse ass ee Gebitt, dat zwar vill Ënnerandeelungen huet, vun deenen der uewe genannt goufen, mee et bleift trotz Gliederung een eenzegt Gebitt. Soss misst een och vun Zuelentheorien (Arithmetesch, Analytesch, Algebraesch o. Algorithmesch Zuelentheorie) oder Physiken (z.B. Deelchephysik, Quantephysik, Plasmaphysik, Mathematesch Physik etc.) schwätzen. --Volvox (Diskussioun) 21:08, 22. Dez. 2012 (UTC)