Kategorie Diskussioun:Natierlech Géigenden
Ausgesinn
Iwwerspezifesch Kategorie?
[Quelltext änneren]A mengen Aen ass dës Kategorie iwwerspezifesch. Ech gesi keng richteg Trennlinn tëscht enger Natierlecher Géigend an enger („normaler“) Géigend. En plus bréngt et menger Meenung no näischt fir eng relativ kleng Zuel vun Artikelen net nëmmen op d'Länner opzedeelen, mee dann och nach no Natierlech Géigend a Géigend opzesplécken. Allerdéngs gëtt et déi Opspléckung op aktuell 20 anere Wikien (z. B. en:Category:Natural regions), wouwéinst sech eventuell en Daseinsberechtegungsgrond fanne léisst... --Volvox (Diskussioun) 20:03, 15. Jul. 2024 (UTC)
- Et gëtt natierlech Géigenden (am geographeschen a geologesche Raum), administrativ Géigenden (hei dacks Regioune genannt), Géigenden déi eng gewëssen Zesummenhängegkeet duerstellen (z.B Arelerland), Géigenden déi e Raum ëm e Siidlungsbebitt oder ëm en Industriegebitt duerstellen, a vläicht nach en ettlech anerer. Am Prinzip sinn ech der Meenung, datt wann déi grouss Wikien eng Kategorie hunn déi datselwecht ofdeckt, mir déi Kategorie ganz roueg och kënnen hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:07, 15. Jul. 2024 (UTC)
- „Am Prinzip sinn ech der Meenung, datt wann déi grouss Wikien eng Kategorie hunn déi datselwecht ofdeckt, mir déi Kategorie ganz roueg och kënnen hunn.“
- Dat ass natierlech eng ambitionéiert Approche! Da muss ech mer mol iwwerleeën, wéi ee sech ustelle soll, fir datt déi Ënnerscheedung och systematesch duerchgezu gëtt. Och ass mer nach net kloer, wéi sech d'Kategorie:Regiounen zu deem Ganze verhält... --Volvox (Diskussioun) 17:43, 18. Jul. 2024 (UTC)