Kategorie Diskussioun:Schablounen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Reorganisatioun vun de Kategorien vun de Schablounen[Quelltext änneren]

Éiert d'Schablounekategorien iwwerschafft an d'Schabloune selwer à jour gesat ginn, d.h. mat de korrekten Tags an enger Dokumentatioun versi ginn, wier et sënnvoll, an enger éischter Phase déi onbenotzt Schablounen ze läschen.

Well ech nei op dësem Gebitt schaffen, well ech heimat d'Adminnen froen, ob dat iergendwelech Konsequenzen kéint hunn, déi een à priori nët gesäit? Wann nët, kann een Admin déi nët am Schnellverfahre läschen, ouni datt ee muss d'Schabloun {{läschen}} drasetzen. Mir schwätzen hei vun Honnerten, vläischt och Dausenden Schablounen.

An enger zweeter Phase kéint een dann d'Kategorien nei strukturéieren.

An enger drëtter Phase kéint een dann déi Schablounen ouni Kategorie lues a lues iwwerschaffen, ouni mussen permanent op onbenotzt Schablounen ze stoussen.

--Christian Ries 11:20, 5. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech hu mer emol déi onbenotzt Schablounen ugekuckt. Wann der dovunner vill net benotzt sinn da mussen se awer stoe bleiwen. Do si vill Schablounen derbäi déi fälleg sinn, fir eng Kéier benotzt ze ginn. Déi goufen ugeluecht am Zuch vun aneren äänleche Schablounen déi benotzt ginn, et well et wéi mer amgaang waren déi ze maachen, déi aner automatesch matgemaach goufen. Et ka sinn datt zu verschiddenen Doublone bestinn mä dat gëtt eng Heedenaarbecht fir déi erëmzefannen. Les Meloures 11:57, 5. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

P.S. Ech gesinn och net ob et sënnvoll ass wann ee fir all Minischabloun wéi all déi Fändelsschablounen eng doc muss ulëeen. Déi Leit déi fir de Moment dermatter schaffen, wësse wou se ze fanne sinn. Fir do grouss Informatiounen anzebauen, déi dach vu soss kengem gelies ginn, mécht net vill Sënn. Les Meloures 12:03, 5. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]