Kategorie Diskussioun:Uertschaften op Sri Lanka

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sri Lanka ass e Land. Dofir gif ech hei soen "a Sri Lanka" amplaz "op" (och wann dat streng geholl net falsch ass) - analog zu anere Länner an Inselstaaten.

Moien, d'Iddi war fir mat den aneren Uertschaftskategorien op Inselen (ob Land oder net) xxx op Kreta, xxx op Korsika, xxxx op Kuba gläichzeschalten, an anengems der Diskussioun ob et soll a Sri Lanka oder am Sri Lanka soll heeschen, aus de Féiss ze goen. Et geet een och net a Sri Lanka an d'Vakanz mä entweder an de Sri Lanka oder op Sri Lanka, op Tahiti op Hawaii a.s.w. De Sri Lanka ass och eent vun de Länner wéi de Chile, de Peru an anerer, déi no engem Artikel virdru jäizen. Mer hunn och nach eng Hällewull Kategorien do stoen, bei deenen d'Prepositioun falsch ass. Déi wäerten och no an no geréckelt ginn (sou séier wéi se opfalen) --Les Meloures (Diskussioun) 17:10, 3. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]