Op den Inhalt sprangen

Kategorie Diskussioun:User sk-N

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia

Wat soll dat mat dëser Kategory? Kann elo all User, dee kee Wuert lëtzebuergesch versteet, sech eng Kategory uneegnen? Am léifste géng ech se läschen. Ech géif awer gär d'Meenung vun anere Wikipedianer héieren. --Pecalux 11:49, 8 November 2007 (UTC)

Salut,
Dës Category gëtt am Fong net vum User als perséinlech Category ugeluecht, et ass en Sproochenindikatiounscategory. All User deen eng Sproochindikatioun ugëtt rutscht an déi Category, vun deeër Sprooch. Du stees z.B an de Kategorien lb-M, de-3, an fr-3.

Les Meloures 12:03, 8 November 2007 (UTC)

Ech schléisse mech dem Les Meloures unn a si kategoresch géint läschen vun esou enger Kategorie, ganz einfach wëll déi Kategorien et erlaben a Wikien wpou e kee Wuert versteet déi Benotzer ze fannen déi déi selwescht Sprooch schwetzen esou ass et zum Beispill mat esou en ger Kategorie méiglech all déi Benotzer ander arabischer Wikipedia ze fannen déi och lëtzebuergesch kënnen. --Robby 12:51, 8 November 2007 (UTC)
Et ass allerdengs esou datt dës Category an der lb:wiki sk-M amplaz Sk-N misst heeschen, mee mer hu keng Zäit fir ons mat eso Méckepéilereien z'ammeséieren. Al déi aner Template vu Sproochindikatioun hun och keng lëtzebuergesch Iwwersetzung. Dat ass anscheinend och net wichteg. Wat dingt et schlisslech wann ech an den Template kucke ginn an ech verstinn an der friemer Sprooch net wat gemengt ass. Les Meloures 13:01, 8 November 2007 (UTC)

Allerdengs misst et Slowakesch heeschen, net Sloweenesch. Harry-PC 16:36, 8 November 2007 (UTC)

Merci fir dës Détailler. --Pecalux 16:44, 8 November 2007 (UTC)