Kategorie Diskussioun:Wärungen, déi mam Euro ersat goufen
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: viru(n) 5 Méint vum Volvox
Firwat vum amplaz mam ? 2A02:A03F:A199:6C00:E4F6:A7C4:A00B:CAD6 07:24, 20. Jul. 2025 (UTC)
- Ech hunn d'Kategorie primär geréckelt, well de Komma gefeelt huet. A bei där Geleeënheet, duecht er mer, kann een de „mam“ duerch „vum“ ersetzen, well mer dat sproochlech méi natierlech virkomm ass. Mee do wëll ech mech net drop behaapten, ob „ersetzen“ + „mat“, „vun“ oder „duerch“ oder soss eppes am beschten ass. Wann do déi meeschten eng aner Meenung hu wéi ech, da kann en dat rëm änneren. (Eng drëtt Méiglechkeet wier „Virgängerwärunge vum Euro“, vun dewiki inspiréiert, wat ech relativ elegant fannen.) --Volvox (Diskussioun) 09:42, 20. Jul. 2025 (UTC)
- Wann eppes vun engem gemach (ersat, gefléckt, ugestrach etc) gëtt, setzt dat viraus datt deen eng Ativitéit derbei entwéckelt. Vu, datt den Euro hei jo awer passiv ass, wier m. M. no de mat méi richteg.
- D'hëlze Wand gouf vum Steemetzer mat enger bëtongs Mauer esat.
- Eppes duerch eppes ersetzen ass m. M. no och schlecht Sprooch.
- -2A02:A03F:A199:6C00:90F3:EAEC:8A67:A8AA 12:56, 20. Jul. 2025 (UTC)
- Ma da réckelen ech d'Kategorie erëm an änneren d'Kategorie an den Artikele mam Bot. --Volvox (Diskussioun) 13:24, 20. Jul. 2025 (UTC)