Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Schabloun:Kierchentabell

D'Kathedral Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg war ufanks d'Kierch vun de Jesuiten, déi zu hirem Kolléisch gehéiert huet, wéi si sech am Joer 1594 zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn. D'Gebai gouf an de Joren 1613 bis 1621 no de Pläng vun de Jesuitebridder Jean du Blocq (1583-1656) vun Tournai an dem Thomas Brabant gebaut. Zënter 1796 steet d'Statu vun der Tréischterin an dëser Kierch, déi doduerch och den Uert vun der Muttergottesoktav ass. De Status Kathedral krut si eréischt 1870.

Geschichtlech Entwécklung

D'Jesuiten aus der Belsch, déi deemools genee wéi Lëtzebuerg zum Territoire vun de Spueneschen Nidderlande gezielt huet, hu 1603 e Kolléisch an der Stad opgemaach, wou bis 1773 d'Majoritéit vun de jonke Lëtzebuerger geléiert huet.

Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënnert dem Père François Aldenard geluecht. Den Entrepreneur vum Gebai wor den Ulrich Job vu Luzern. Ënnert him goufen ënner anerem d'Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D'Jesuitekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weihbëschof Georg von Helffenstein der Onbefleckten Empfängnis geweit.

Artistesch huet virun allem den däitsche Skulpteur Daniel Muller († 1623) vu Freiberg (Sachsen) vill zum Ausgesi vun der Kathedral bäigedroen, sou zum Beispill d'Uergeltribün. Den Dekor aus Alabaster, d'Lieblingsmaterial vun der nidderlännescher Renaissanceskulptur, stellt fréibarock Engelen duer, déi tëschent Blieder- a Blummendekoratiounen musizéieren. Op de "Jaspisseilen" gesäit een grotesk Masken a Fratzegesiichter.

Nodeems d'Jesuiten 1773 d'Stad verlooss haten, huet d'Keeserin Maria Theresia vun Éisträich d'Kierch der Stad Lëtzebuerg am Joer 1778 iwwerginn, ënnert dem neien Numm Saint Nicolas et Sainte Thérèse.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch den 31. Mäerz 1848 duerch den apostolesche Vicaire Jean-Théodore Laurent. Säin Nofolger, den Nicolas Adames, huet vun 1854 un den barocke Banneraum an engem neogotesche Stil nei maache gelooss. Nodeems Lëtzebuerg duerch de Poopst Pius IX. de 27. Juni 1870 zu engem autonome Bistum erhuewe gi war, gouf aus der Kierch Notre-Dame eng Kathedral Notre-Dame.

Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d'Gebai misse vergréissert ginn, wat an de Joren 1935 bis 1938 no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher geschitt ass, dee vill mam Léon Lommel vum Séminaire zesumme geschafft huet. De Chouer gouf 1963 nei amenagéiert, fir sech den neie liturgesche Konventioune vum zweete vatikanesche Konzil unzepassen.

Déi lescht Restauratioun vun der Kathedral gouf vun der Stad Lëtzebuerg an de Joren 1977 an 1978 an Optrag ginn.

D'Tierm

D'Kathedral huet dräi Tierm, de Westtuerm, dee schonns den Tuerm vun der Jesuitekierch war an an deem d'Klacken hänken, den Osttuerm, an e Mëtteltuerm deen iwwer dem Queeschschëff steet.

Wéi d'Kathedral tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf, koumen den Osttuerm, an de Mëtteltuerm derbäi. De Mëtteltuerm huet e pyramidefërmegen Daach, mat enger breeder Basis an dee knapps een Drëttel vun der Héicht vun de groussen Tierm huet. Den Daach selwer gëtt vun engem Stolgerëscht gedroen, dat aus PN20 Trägere vun ARBED-BELVAL zesummegesat ass.

Op Karfreideg, de 5. Abrëll 1985 gouf an der Mëttesstonn duerch eng Onopmierksamkeet bei Daachaarbechten de West-Tuerm vun der Kathedral a Brand gestach. D'Klacke vum Klackespill, Muttergottesklack, Willibrordsklack, Péiteschklack, an Kunigundeklack goufe beim Brand zerstéiert. Wéi den Tuerm zesummegefall ass gouf och den Daach vum mëttelste Schëff plazeweis beschiedegt. Et huet bis de 17. Oktober 1985 gedauert ier den Tuerm nees gefléckt war.

D'Geschicht vun der Kathedral ass enk mat der Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg verbonnen. Mam alen Hôtel de Ville (haut de Groussherzogleche Palais) zielt d'Kierch vun de Jesuiten zu de wichtegste Gebaier vum 16. a 17. Joerhonnert.


D'Gebai

Fichier:Chouer.JPG
Chouer vun der Kathedral

Vu baussen

Vu bannen

D'Kathedral ass am Stil vun der Spéithollännescher Renaissance dekoréiert. Déi fënnef Sailen op all Säit hale mat engem doresche Kapitell, a goufe vum Ulrich Job am Joer 1617 hirgestallt. Vill Skulpture sinn aus Alabaster, dem Material wat d'Spéithollännesch Renaissance am Léiftse fir hir Wierker benotzt huet. D'Dekoratioun vun der Tribün gouf minutiéis an engem Kontrakt mam Daniel Muller den 13. November 1620 festgehalen. Hei si virun allem d'Masken an d'grotesk Gesiter bemierkenswäert.

D'Uergelen

Doumorganist ass de Paul Breisch.

Literatur zum Thema

D'Kathedral, gemoolt vum Mathis Wildanger
  • Simone Beck, 2009. Als der Turm der Kathedrale brannte. ons stad 90: 56-57.
  • Simone Weny, 2008. D'Kathedral. La cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 191-196. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
  • Michel Schmitt, 1995. La Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg. (ISBN 3-7954-4035-1)
  • Jean Engling, 1856. Die Liebfrauenkirche in Luxemburg. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal XII.
  • M. Faltz, 1948. Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg. Lëtzebuerg.
  • A. Steffen, 1935. Baugeschichte der Luxemburger Jesuitenkirche. Lëtzebuerg.

Medien

Um Spaweck


Schabloun:Pilgeruertschaften Hl. Maria