Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kathedral Notre-Dame
zu Lëtzebuerg
Südwestsäit vun der Kathedral (2012)
Uertschaft Lëtzebuerg
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Numm / Patréiner Notre-Dame
Tréischterin am Leed
Konsekratiounsjoer 1621
Parverband Notre-Dame,
Lampertsbierg,
Rollengergronn
Architekt(en) Jean du Blocq
Kierchen - Kapellen
Portal vun der Kathedral

D'Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg an der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert.

Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Parverband Notre-Dame, Lampertsbierg, Rollengergronn, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuerg-Ost an zu der Gemeng Lëtzebuerg. Zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame gehéiert ausser der Kathedral och nach d'Kapell um Glacis.

D'Kathedral steet an der Uewerstad tëscht der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an dem boulevard F.D.Roosevelt, der N50, an huet zwéin Agäng, en alen Agank (1621) an der Ënneschtgaass an e méi neien (1938) um Parvis laanscht de Boulevard Roosevelt.

Mat hiren dräi spatzen Tierm markéiert se d'Stadbild.

D'Kierch gouf tëscht 1613 a 1621 vun de Jesuiten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vu 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch 1844, an deem Joer, wou och d'Maîtrise gegrënnt gouf. Zur Kathedral gouf si 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.

Zanter 1794, dem Joer wou eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis heihi bruecht gouf, ass d'Kierch vum 3. bis de 5. Sonndeg no Ouschteren d'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav.

An der Krypta vun der Kathedral sinn eng Kapell mat de Griewer vun de Bëschofe vu Lëtzebuerg an e Raum mat de Griewer an den Urne vun der groussherzoglecher Famill. An der Entrée vun der Krypta steet de Sarkophage vum Jang dem Blannen.

Zanter 1778 ass d'Gebai am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg. De Mobilier gehéiert dem Bistum Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Jesuitekierch mam Jesuitekolléisch, Architekteplang ëm 1686
Den Architekeplang vun der Jesuitekierch an dem Jesuitekolléisch

D'Geschicht vun der Kathedral ass enk mat der Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg verbonnen. Mam alen Hotel de Ville (haut de Groussherzogleche Palais) zielt d'Kierch vun de Jesuiten zu de wichtegste Gebaier vum 16. a 17. Joerhonnert.

D'Jesuiten aus der Belsch, déi deemools genee wéi Lëtzebuerg zum Territoire vun de Spueneschen Nidderlande gezielt huet, hunn 1603 e Kolléisch an der Stad opgemaach, wou bis 1773 d'Majoritéit vun de jonke Lëtzebuerger geléiert huet.

Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d'Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D'Jesuitekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weihbëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit.

Artistesch huet virun allem den däitsche Sculpteur Daniel Muller († 1623) vu Freiberg (Sachsen) vill zum Ausgesi vun der Kathedral bäigedroen, sou zum Beispill d'Uergeltribün. Den Dekor aus Alabaster, d'Liiblingsmaterial vun der nidderlännescher Renaissanceskulptur, stellt fréibarock Engelen duer, déi tëscht Blieder- a Blummendekoratioune musizéieren. Op de "Jaspissaile" gesäit ee grotesk Masken a Fratzegesiichter.

Nodeem d'Jesuiten 1773 d'Stad verlooss haten, huet d'Keeserin Maria Theresia vun Éisträich d'Kierch der Stad Lëtzebuerg am Joer 1778 iwwerginn, fir zur neier Parkierch ënner dem neien Numm Saint Nicolas et Sainte Thérèse ze ginn. Dat huet sech gutt gemaach, well zu deem Zäitpunkt déi deemoleg Parkierch, d'Nikloskierch um Krautmaart ze kleng a baufälleg war an 1779 ofgerappt gouf. Aus deem Grond steet zanterhier och eng Statu vum Hl. Niklos iwwer dem Haaptportal an der Ënneschtgaass.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostolesche Vicaire Jean-Théodore Laurent. Säin Nofolger, den Nicolas Adames, huet vun 1854 un de barocke Banneraum an engem neogotesche Stil nei maache gelooss. Nodeem Lëtzebuerg duerch de Poopst Pius IX. de 27. Juni 1870 zu engem autonome Bistum erhuewe gi war, gouf aus der Kierch Notre-Dame eng Kathedral Notre-Dame.

Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d'Gebai misse vergréissert ginn, wat an de Joren 1935 bis 1938 no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher geschitt ass, dee vill mam Léon Lommel vum Séminaire zesumme geschafft huet[1]. De Chouer gouf 1963 nei amenagéiert, fir sech den neie liturgesche Konventioune vum zweete vatikanesche Konzil unzepassen. Den 8. Dezember 1963 huet de Bëschof Léon Lommel d'Kathedral och feierlech konsekréiert.Dës Konsekratioun war duerch de Bëschofswiessel 1936 an duerch Krichsjoren 1940-1945 ëmmer erëm op besser Zäite verréckelt ginn.

Déi lescht Restauratioun vun der Kathedral gouf vun der Stad Lëtzebuerg an de Joren 1977 an 1978, an duerno vun 2000 un an Optrag ginn. Renovéiert goufe vun 2000 u fir d'éischt d'Kierchefënsteren, d'Virplaz, de Portal an d'Fassad mat de Skulpturen an der Ënneschtgaass (2000-2007), an duerno, vum Hierscht 2009 un, d'Fassad am Bannenhaff mat der Nationalbibliothéik, an och den Ost- an de Mëtteltuerm. D'Aarbechte sollen 2011 ofgeschloss sinn.[2]

D'Tierm[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral huet dräi Tierm, de Westtuerm, dee schonn den Tuerm vun der Jesuitekierch war an an deem d'Klacken hänken, den Osttuerm, an e Mëtteltuerm deen iwwer dem Queeschschëff steet.

Wéi d'Kathedral tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf, koumen den Osttuerm, an de Mëtteltuerm dobäi. De Mëtteltuerm, dee knapps een Drëttel vun der Héicht vun de groussen Tierm huet, besteet aus enger breeder, pyramidefërmeg Basis an enger schmueler, mat Koffer gedeckter Spëtzt. Den Daach selwer gëtt vun engem Stolgerëscht gedroen, dat aus PN20 Trägere vun ARBED-BELVAL zesummegesat ass.

Op Karfreideg, de 5. Abrëll 1985 gouf an der Mëttesstonn duerch eng Onopmierksamkeet bei Daachaarbechten de West-Tuerm vun der Kathedral a Brand gestach[3]. D'Klacke vum Klackespill, Muttergottesklack, Willibrordsklack, Péiteschklack, a Kunigundeklack goufe beim Brand zerstéiert. Wéi den Tuerm zesummegefall ass gouf och den Daach vum mëttelste Schëff plazeweis beschiedegt. Et huet bis de 17. Oktober 1985 gedauert ier den Tuerm nees gefléckt war.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Bléck duerch deen ale Chouer an deen neie Chouer vun der Kathedral

D'Kathedral ass am Stil vun der Spéithollännescher Renaissance dekoréiert. Déi fënnef Sailen op all Säit hale mat engem doresche Kapitell, a goufe vum Ulrich Job am Joer 1617 hiergestallt. Vill Skulpture sinn aus Alabaster, dem Material wat d'Spéithollännesch Renaissance am Léifste fir hir Wierker benotzt huet. D'Dekoratioun vun der Tribün gouf minutiéis an engem Kontrakt mam Daniel Muller den 13. November 1620 festgehalen. Hei si virun allem d'Masken an d'grotesk Gesiter bemierkenswäert.

D’Stummel-Molereien am ale Chouer[änneren | Quelltext änneren]

Den haitege Passage (Duerchbroch) tëschent dem alen an dem neien Kiercheraum stellt de fréiere Chouer vun der Jesuitekierch duer. Bei de Vergréisserungsaarbechten (1935-1938) gouf just d'Apsis ewech gerappt.

Am haitege Mëtteldeel (Passage) si bis haut déi Molereien erhalen bliwwen, déi de Friedrich Stummel (1850-1919) aus Kevelaer am Summer 1897 mat zwanzeg Schüler ausgeféiert huet. D'Konschtwierker dekoréiere souwuel d'Stäreverwëllef, an deem d'Wope vun der Abtei Orval z'erkennen ass. Fir eng optimal Integratioun vun de Biller am Raum ze erreechen, huet de Kënschtler d'Architektur duerch gemoolte Pilaster an Nische completéiert. D'Benotze vun chemesche Mineralfaarwen (Silikatfaarwen), déi mat Waasserglas fixéiert sinn, sécheren den Duerstellungen eng Bestännegkeet, déi mat där vu richteger Freskemolerei gläichzesetzen ass.

Vum stilistesche Standpunkt aus gesinn, huet de Stummel sech virun allem un der Molerei vun der italienescher Spéitrenaissance inspiréiert, wéi zum Beispill d'nazarenesch Konscht.

Biller op der lénkser Säit

Am Beräich vum Verwëllef fale virun allem aacht grouss männlech Gestalten op, déi all mat der Jongfra Maria a Bezéiung bruecht ginn. Op der Ostsäit, dat heescht lénks a Richtung Altor, gesäit een als éischten de Kinnek Salomo mam Tempel vu Jerusalem. Hannert him kommen de Prophéit Jeremia, de Kinnek David mat der Harf an de Prophéit Jesaja. Vis-à-vis op der westlecher Säit sinn an der selwechter Richtung de Prophéit Ezechiel, de Moses mat der Därenheck, déi brennt ouni ze verbrennen, de Gedeon mam Schofsfell (Richter 6,40) an de Seeher Bilaam (Numeri 24+25) ze gesinn. All Figuren droe Sproochbänner mat bibleschen Aussoen, déi mam Maria a Verbindung gesat ginn. Déi iwwreg Felder weise Groteske mat de Wierder vum Ave Maria a Symboler an Texter aus der Muttergotteslitanei an där d’Maria zum Beispill als Spigel vun der Gerechtegkeet duergestallt gëtt. Op de Säitewänn ganz uewen ënner dem Verwëllef ginn déi véier Evangeliste gewisen: de Matthäus mam Engel, de Markus mam Léif, de Lukas mam Stéier a mat engem Mariebild, de Johannes mam Adler virum oppenen Himmel, an deem d’Moundséchelmadonna erschéngt (Offenbarung 12).

Déi ëstlech oder lénks Mauer weist am ënneschte Beräich an enger monumentaler Positioun den zwielefjährege Jesus am Tempel am Gespréich mat de Schrëftgeléierten (Lukas 2, 41-52). Och d'Elteren, Jousef a Maria op der Sich no hirem Jong, gesäit een an d'Hellegtum era goen. Ee vun de Geléierten hält op de Knéien en opgeschloent Buch an deem den Numm vum Kënschtler Stummel an den Datum vun de Molereien agedroe sinn. Ee vun de Schrëftgeléierten ass och e Portrait vun him selwer.

An der bemoolter Rumm aus Steen gesäit ee wéi déi Helleg Famill op hirem Wee heem ass. Besonnesch interessant sinn am Hannergrond e puer typesch Bauwierker vun der Stad Lëtzebuerg, wéi z.B. d´Gräinskapell. De patrioteschen Aspekt, dee selbstverständlech zur Ausrüstung vun enger Kathedral gehéiert, ass hei onverkennbar.

Biller op der rietser Säit

D’Wierker un der westlecher Mauer riets sinn der Hochzäit vun Kana consacréiert (Johannes 2, 1-12), wou de Jesus aus Waasser Wäin mécht. Dësen Amen kann op verschidden Aart an Weise gedeit ginn: E soll jiddefalls weisen, dass Jesus hei, op Wonsch vu senger Mamm, de Mënschen Freed um Liewe schenkt. Bemierkenswäert sinn déi prächteg Kostümer vun de gewisene Persounen an hir ganz individuell Gesiichtszig.

An der ronner, zouener Rumm uewe seent de Jesus d’Brautkoppel, eng Zeen déi net an den Evangelien ernimmt gëtt.

Esou sinn d'Stummelmolereien als bemierkenswäert Zeie vun der Konscht vum Enn vum 19. Jorhonnert unzegesinn. Se goufe bis elo zweemol restauréiert: 1977-78 vum Walter Dorn an 2001 vum Geneviève Taillefert-Reille.

D'Uergelen[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral huet zwou Uergelen, eng Haaptuergel déi vun der Firma Haupt 1938 installéiert gouf an eng zweet Uergel hannen um Duxall, déi vun der Firma Westenfelder fir d'Kulturjoer 1995 gebaut gouf.

De Kathedralschouer heescht Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale de Luxembourg oder einfach och d'Maîtrise genannt.

Doumorganisten[änneren | Quelltext änneren]

  • Fischer (... - 1813)
  • Ziegler (1813 - 1817)
  • Fischer (1817 - ...)
  • Joh. Peter Troes (1839 - 1866)
  • Heinrich Oberhoffer (1866 - 1884)
  • André Oberhoffer (1885 - 1894)
  • Jean-Pierre Beicht (1894 - 1925)
  • Pierre Theato (1925 - 1926)
  • Albert Leblanc (1926 - 1987)
  • Carlo Hommel (1987 - 2006)
  • Paul Breisch (zanter 2006)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evamarie Bange, 2010. Neue Ergebnisse zur Baugeschichte der Kathedrale und des ehemaligen Jesuitenkollegs. ons stad 94: 54-57. [2]
  • Simone Beck, 2009. Als der Turm der Kathedrale brannte. ons stad 90: 56-57.
  • Simone Weny, 2008. D'Kathedral. La cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 191-196. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
  • Michel Schmitt, 1999. Die Glasmalereien von Anton Wendling in der Kathedrale Unserer Lieben Frau Luxemburg. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg. 23 S. ISBN 3-7954-6180-4 D'Broschür ass an der Kathedral ze kréien
  • Michel Schmitt, 1995. La Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg. 31 S. ISBN 3-7954-4035-1 D'Broschür ass an der Kathedral ze kréien
  • Jean Engling, 1856. Die Liebfrauenkirche in Luxemburg. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal XII.
  • M. Faltz, 1948. Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg. Lëtzebuerg.
  • A. Steffen, 1935. Baugeschichte der Luxemburger Jesuitenkirche. Lëtzebuerg.

Medien[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren]

  1. Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt
  2. Luxemburger Wort vum 23. Oktober 2010, S. 40.
  3. Brand an der Kathedral: De Reportage aus dem Abrëll 1985


Muttergottes-Pilgerplazen
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen
Belsch : Banneux - Beauraing
Frankräich : Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine
International : Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau
Pilgerplaze fir Sportler : Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)