Katzenjammer (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Katzenjammer (Band))
Katzenjammer an der Rockhal, November 2011
Katzenjammer 2011 zu Hamburg
Turid Jørgensen mam Maskottche vu Katzenjammer, enger Bass-Balalaika

Katzenjammer ass eng Folk-Rock-Band aus Norwegen, déi nëmmen aus weibleche Gruppemembere besteet.

D'Grupp gouf 2005 gegrënnt a besteet aus der Anne-Marit Bergheim, Solveig Heilo, Turid Jørgensen a Marianne Sveen. Den Numm vun der Band geet op den US-amerikanesche Comic The Katzenjammer Kids zeréck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf vun der Anne-Marit Bergheim, Solveig Heilo an Turid Jørgensen, déi deemools zu Oslo Musek studéiert hunn, fir d'éischt zesumme mat der Tuva Andersen gegrënnt. Nodeem d'Tuva nees opgehalen huet gouf si vum Marianne Sveen ersat. Duerch eng Rei vun erfollegräiche Concerten an hir Bedeelegung bei enger populärer Fernsee-Talentshow ass d'Grupp an Norwegen bekannt ginn.

Hiren definitiven Duerchbroch hate se 2008 mat engem Optrëtt um skandinavesche Musekkongress a -festival by:Larm, deen eng grouss Opmierksamkeet vun de Medie mat sech bruecht huet. Am September 2008 ass den éischten Album erauskomm, Le Pop. D'Texter vun hire Lidder sinn all op Englesch. Den Album huet der Band eng Nominéierung fir den norwegesche Grammy an der Kategorie als beschte Newcomer abruecht. 2011 ass hiren zweeten Album A Kiss Before You Go erauskomm. Am Januar 2015 koum den drëtten Album Rockland mat eelef neie Stécker eraus.

Den 3. Januar 2016 huet d'Marianne Sveen bekannt gemaach, datt se an der Band ophält.

Auslandsoptrëtter[änneren | Quelltext änneren]

Schonn ier hiren éischten Album erauskoum, ass d'Grupp am Ausland an Europa an an den USA opgetrueden. 2009 hu se sech an Holland op dem Eurosonic-Festival presentéiert a sinn am Virprogramm vun der brittescher Band Keane an der Londoner O₂ Arena opgetrueden. D'selwecht Joer hate s'och eng Rei vun Optrëtter am Kader vum SXSW zu Austin am Texas.

An Däitschland ass de Quartett 2009 fir d'éischt um Fusion Festival an um Taubertal-Festival opgetrueden. 2010, 2011 an 2012 hate se gréisser Tournéeën a villen europäesche Länner.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Stil[änneren | Quelltext änneren]

D'Band ass vun ënnerschiddleche Stilrichtunge beaflosst a presentéiert an hirem Repertoire eng bont Mëschung, déi "no Montmartre zu Paräis, no russeschem Zirkus, no Zigeiner-Joermäert an no verdämptene Whiskey-Baren zu Dublin“ kléngen.

An hire Stécker fënnt een Elementer vun Jazz, Rock, Balkan-Musek, Folk, Country-Musik a Chanson. Hir éischt Single A Bar in Amsterdam gouf als „Mariachi-Polka mat hystereschem Trompettenthema“ beschriwwen. Hir Bünenoptrëtter hunn d'Kritiker scho mat Gruppe wéi Gogol Bordello, Dixie Chicks oder Leningrad Cowboys verglach.

Eng Spezialitéit vu Katzenjammer ass, dat all Gruppemember e puer Instrumenter spillt, a wärend de Liveoptrëtter ginn dann och bei bal all Lidd d'Instrumenter gewiesselt. D'Erkennungszeeche vun der Grupp ass eng Bass-Balalaika déi mat engem Kaazegesiicht bemoolt ass. Als Instrumenter huele se Akustik- an E-Gittaren, Akkordeon, Mandolin, Piano, Batterie, Gei, Mondharmonika, Banjo, Trompett, Ukulele, Klackespill a souguer improviséiert Instrumenter wéi z. B. e Blecheemer.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Le Pop
  • 2011: A Kiss Before You Go
  • 2012: A Kiss Before You Go: Live in Hamburg (Livealbum)
  • 2015: Rockland

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Play My Darling, Play
  • 2009: A Bar in Amsterdam
  • 2009: Demon Kitty Rag
  • 2010: Tea with Cinnamon
  • 2010: Den Lengste Natten (mam Øystein Dolmen a Lisa Gansmoe)
  • 2011: I Will Dance (When I Walk Away)
  • 2011: Cocktails and Ruby Slippers
  • 2012: Rock-Paper-Scissors
  • 2012: Fairytale of New York (featuring Ben Caplan)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Katzenjammer – Biller, Videoen oder Audiodateien