Kaunas
| Kaunas | |
|---|---|
|
| |
|
Bléck op d'Vytautas-de-Grousse-Bréck an d'Alstad. | |
| Land | Litauen |
| Vewaltungseenheet | Litauen |
| Awunner | 305.120 |
| 1. Januar 2023 | |
| Fläch | 157 km² |
| Héicht | 48 m |
| Koordinaten | 54°54'N, 23°56'O |
| Telefonszon | 837 |
| Postcode | LT-44001 |
| Websäit | https://www.kaunas.lt |
|
| |
|
| |
Kaunas ass déi zweetgréisst Stad a Litauen an nieft der Haaptstad Vilnius de wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vum Land.
Etymologie a Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Stad huet e litaueschen Ursprong a leet sech héchstwarscheinlech vun engem Persounennumm of. Déi genee Persoun ass awer onbekannt. Et gëtt ugeholl, datt et sech ëm den Herrscher vun der Buerg Kaunas handelt. De Persounennumm Kaunas leet sech vum Adjektiv "kaunus" of, dat esouvill bedeit wéi "kämpferesch" oder "dee gär kämpft". Eng aner méiglech Bedeitung vum Stadnumm Kaunas ass, datt e vun engem alen Adjektiv kënnt, dat haut net méi gebraucht gëtt an dat "déif", "niddreg" oder "dat am Dall läit" bedeit.
De Wope vun der Stad weist e wäissen Auerochs mat engem gëllene Kräiz tëscht den Haren op engem rouden Hannergrond.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kaunas läit am Zentrum vu Litauen um Zesummefloss vun de Flëss Nemunas (op Däitsch: Memel) an Neris, op enger Héicht vun 30 bis 153 Meter iwwert dem Mier. Déi administrativ Fläch vu Kaunas ëmfaasst 157 km²,[1] dozou zielen nieft der Stad selwer och nach eng Rei Dierfer.
D'Ëmgéigend ass vun Hiwwelen a Bëscher a vun engem grousse Stauséi am Oste vun der Stad markéiert.[2] D'Klima ass temperéiert kontinental mat kale Wanteren a mëttelwaarme Summeren.
Bis an d'Haaptstad Vilnius sinn et 103 km. D'Hafestad Klaipėda um baltesche Mier läit op 209 km.[1]
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Mat ronn 304.000 Awunner an enger Bevëlkerungsdicht vun 1.937 Awunner pro Quadratkilometer (2026) ass Kaunas déi zweetmeescht bevëlkert Stad a Litauen.[1]
D'Bevëlkerung ass gréisstendeels ethnesch litauesch (zirka 93 %), mat ënner anerem enger russescher an enger polnescher Minoritéit.[3] Wéinst Emigratioun an aner EU-Länner ass d'Bevëlkerung eng Zäit laang liicht zeréckgaangen; se huet 2019 awer erëm ugefaangen ze klammen.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Mëttelalter a fréi Neizäit
[änneren | Quelltext änneren]
1361 gouf Kaunas fir d'éischt an engem Dokument ernimmt, woubäi archeologesch Decouverten op eng méi fréi Besiidlung hiweisen. Am Mëttelalter huet d'Stad zum Groussherzogtum Litaue gehéiert a war eng wichteg Festung géint d'Ugrëff vum Däitschen Uerden. Scho 1408 krut d'Siidlung d'"Magdeburger Stadtrechte". Mat der Grënnung vum Staat Polen-Litauen am 16. Joerhonnert krut Kaunas als Handelszentrum nach méi Bedeitung.[4][5]
Am 17. an am 18. Joerhonnert huet Kaunas eng Rei Katastrophen duerchlieft, dorënner Attacke vun de Russen (1665) a vun de Schweeden (1701) an d'Peschtepidemien an de Jore 1657 a 1708. Donieft huet d'Stad 1731 a 1732 och nach gebrannt. Um Enn vum 18. Joerhonnert hat d'Wirtschaft sech e bëssen erkritt. 1795 koum d'Stad fir déi nächst 120 Joer ënner d'Herrschaft vum russesche Keeserräich a gouf zu engem wichtege Militär- a Verwaltungsstanduert ausgebaut.
1812 koum de Krich erëm, wéi den Napoleon mat senger Arméi um Wee fir op Moskau zweemol duerch Kaunas gezunn ass an d'Stad zweemol verwüüst huet. Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf den Oginski-Kanal am haitege Wäissrussland gebaut, deen d'Flëss Nemunas an Dnepr verbënnt, an 1862 gouf d'Segment zu Kaunas vun der Eisebunn tëscht dem russesche Räich an Däitschland fäerdeggestallt. Domat gouf Kaunas eng regional Handelsdréischeif.[5]
Wärend de Weltkricher
[änneren | Quelltext änneren]
Wärend dem Éischte Weltkrich gouf d'Stad vun Däitschland besat (1915–1918). No der Onofhängegkeetserklärung vu Litauen am Joer 1918 war Kaunas vun 1920 bis 1939 déi provisoresch Haaptstad vun der neier Republik Litauen, well Vilnius vu Pole besat war. An där Period huet d'Stad vun enger kultureller an architektonescher Héichzäit am Stil vum Modernismus profitéiert.[6]
Wärend dem Zweete Weltkrich war Kaunas fir d'éischt vu sowjeteschen Truppe besat (1940–1941), duerno vun Nazidäitschland. Déi jiddesch Bevëlkerung vun der Stad gouf bal komplett deportéiert oder ëmbruecht. Den 1. August 1944 gouf d'Stad dunn erëm vun der Rouder Arméi besat. 1944 ass Litauen als "Litauesch Sozialistesch Sowjetrepublik" en Deel vun der Sowjetunioun ginn et et koum zu enger Phas vun Industrialiséierung.[7]
Sowjetesch Zäit
[änneren | Quelltext änneren]
1955 hunn d'sowjetesch Autoritéite mam Bau vun engem Waasserkraaftwierk um Floss Nemunas/Memel ugefaangen, deen 1959 gestaut gouf an och haut nach en iwwer 60 km² grousse Reservoir am Oste vun der Stad bilt.[8][2]
Am Mee 1972 koum et zu Massendemonstratiounen, nodeems den 19-järege Student Romas Kalanta sech aus Protest géint de sowjetesche Regimm virum Musekstheater selwer a Brand gestach hat. D'Autoritéiten hunn d'Begriefnes vum Kalanta virverluecht, fir z'evitéieren, datt sech vill Leit sollte versammelen. Doropshin hu sech Dausende vun haaptsächlech jonken Demonstranten op der Laisvės Alėja, der zentraler Avenue nieft der Plaz op där de Kalantas sech selwer geaffert hat, zu regierungsfeindleche Protester versammelt. Déi hunn den 18. Mee ugefaangen a goufe schonn den 19. Mee mat Gewalt vun de sowjeteschen Truppen néiergeschloen.[9]
Zënter 1990
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems d'Land 1990 seng Onofhängegkeet zeréck kritt hat, an 2004 Member vun der Europäescher Unioun gouf, ass et no e puer schwierege Joren an den 1990er wirtschaftlech nees biergop mat Kaunas gaangen.
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]
Haut huet Kaunas eng breetgefächert Ekonomie an ass e wichtege Wirtschaftszentrum vum Land. D'Stad ass de Standuert vu villen Industrie- an Déngschtleeschtungsentreprisen, dorënner Firmen an de Beräicher Informatiounstechnologie (IT), Logistik, Liewensmëttelveraarbechtung a Maschinnebau. Den internationale Fluchhafe Kaunas ass donieft e wichtege Verkéierspunkt fir Bëllegfluchlinnen an der baltescher Regioun.
D'Fräihandelszon Kaunas huet zënter hirer Grënnung 1996 iwwer 1,5 Milliarden Euro un Investissementer ugezunn, dovun iwwer 70 % aus dem Ausland.[10]
Och déi Technesch Universitéit Kaunas (Kauno technologijos universitetas) an eng Rei Héichschoule stäerken de wëssensbaséierte Wirtschaftssecteur vun der Stad. D'Universitéitsklinicke Kaunas (Kauno klinikos) spille mat hiren iwwer 8.000 Mataarbechter an 1,5 Millioune Patientevisitte pro Joer eng bedeitend ekonomesch Roll.[11]
E risegen Handelskomplex sinn d'Maarthalen Urmas mat hiren iwwer 2.000 Butteker an iwwerdaachte Maartstänn.[12] Donieft gëtt et eng Rei Akafszentren, dorënner den Akropolis am Zentrum an de Mega, ee vun de gréisste Shoppingcentren am Baltikum.
Architektur a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]
Déi mëttelalterlech Alstad mat gotesche Kierchen, dem Gemengenhaus an de Biergerhaiser, déi an engem gudden Zoustand sinn, bilden dat historescht Häerzstéck vun der Stad. 2023 gouf d'Tëschekrichsarchitektur de fënnefte litauesche Site, deen op d'Lëscht vum Weltierwe vun der UNESCO gesat gouf. Iwwer dausend Gebaier an deem Architekturstil aus de Joren 1919-1939, deen och nach "Kaunas-Modernismus" genannt gëtt, prägen d'Stadbild a maache Kaunas zu engem vun de bedeitendsten Ensembele vum Tëschekrichsmodernismus.[6]
Zu de wichtegste Kulturetablissementer zielen den Nationalmusée M. K. Čiurlionis, deen dem Komponist a Moler mam selwechten Numm gewidmet ass, an de weltwäit eenzegaartegen Däiwelsmusée mat iwwer 3.000 Exponaten. An der neiopgebauter Buerg Kaunas fënnt een de Stadmusée. Donieft bidden den Nationalen Operen- a Balletstheater an de Staatlechen Dramatheater variéiert Programmer un.
D'Strooss Laisvės alėja ("Fräiheetsallee") ass eng vun de längste Foussgängerzonen am Nordoste vun Europa an de kulturellen a gesellschaftlechen Zentrum vum Liewen an der Stad. Als wichteg Universitéitsstad profitéiert Kaunas och vun enger lieweger Studentekultur.
2022 war Kaunas d'Europäesch Kulturhaaptstad, nieft dem serbeschen Novi Sad an dem lëtzebuergeschen Esch-Uelzecht. Am Kader dovun huet Kaunas vill international Konschtprojeten, Festivallen a Stadentwécklungsinitiativen ëmgesat, déi de Ruff vun der Stad als kreativ Metropol am Nordoste vu Kaunas nohalteg gestäerkt hunn.[13]
Zënter 1995 gëtt all zwee Joer d'Biennale vu Kaunas (Kauno bienalė) organiséiert, där hire Fokus op zäitgenëssescher Textilkonscht läit. Am Oktober gëtt all Joer zënter 2007 den internationale Filmfestival vu Kaunas organiséiert, deen op Arthousefilmer spezialiséiert ass.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]
Kaunas ass haaptsächlech wéinst dem Basketball bekannt. De Veräin BC Žalgiris ass ee vun den erfollegräichsten a bekanntste Basketballclibb an Europa a spillt an der EuroLeague. D'Žalgiris-Arena, eng vun de modernste Sportarenaen am Land, ass eng zentral Plaz fir national an international Kompetitiounen. 2011 gouf do d'Finall vun der Basketball-Europameeschterschaft (EuroBasket) gespillt, an 2024 d'Europameeschterschaft am Äiskonschtlafen.
Nieft dem Basketball sinn och Foussball, Liichtathletik a Ruddere staark an der Stad vertrueden. De Foussballveräin FK Kauno Žalgiris spillt an der ieweschter litauescher Liga. Tëscht 2013 an 2019 huet zu Kaunas och de kuerzliewegen FC Stumbras gespillt.
Och den nationale Foussballveräin huet säi Sëtz zu Kaunas. Am Häerz vun der Stad läit de Stadion "S. Dariaus a S. Girėno", deen ursprénglech 1925 seng Dieren opgemaach huet an tëscht 2018 an 2022 ausgebaut a komplett renovéiert gouf.[14] Am Stadion gëtt et och Liichtathletiksanlagen an 2009 gouf do déi 7. Liichtathletik-U23-Europameeschterschaft organiséiert. Am Stadion spillt nieft dem lokalen FK Kauno Žalgiris och déi litauesch Nationalekipp.
Zënter 2013 gëtt all Joer den Internationale Marathon vu Kaunas an der Stad organiséiert.
Parkanlagen
[änneren | Quelltext änneren]
Mat enger Fläch vun iwwer 60 Hektar ass den Ąžuolynas ("Eechebësch") de gréissten ëffentleche Park an der Stad selwer.[15] De Ramybė-Park gouf 1959 vun de sowjeteschen Autoritéiten um ale Kierfecht vun der Stad gebaut. Um Kierfecht Petrašiūnai leie vill Perséinlechkeete begruewen, déi déi national Politik, Geschicht a Konscht gepräägt hunn.[16]
Fir d'Landschaft mat sengem natierlechen Ökosystem a sengem kulturelle Patrimoine ronderëm de Kaunas-Reservoir ze schütze gouf 1992 och de Regionalpark Kaunas-Stauséi (Kauno marių regioninis parkas) etabléiert.[8] An der Stiedche Rumšiškės, op der anerer Säit vun deem Stauséi, läit de litaueschen ethnografesche Musée (Lietuvos etnografijos muziejus), ee vun de gréisste Fräiliichtmuséeën an Europa, mat historeschen Haiser a Gebaier aus allen Deeler vum Land.
Op Initiativ vum bedeitende litaueschen Zoolog Tadas Ivanauskas an vum Biolog Liudas Vailionis gouf 1923 de Botanesche Gaart gegrënnt. Den éischten Direkter war de Constantin von Regel. En déngt haut net nëmmen der Erhuelung, mee presentéiert och déi heemesch Planzewelt an ëmfaasst eng Rei Fuerschungsariichtunge vun der Vytautas-Magnus-Universitéit.[17]
Donieft fënnt een zu Kaunas och deen eenzege staatlechen Zoo am Land. E gouf 1938 gegrënnt, och vum Tadas Ivanauskas, an 2023 renovéiert.[18]
Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]
Zu de Perséinlechkeeten, déi zu Kaunas gebuer goufen, zielen ënner anerem:
- Emma Goldman (1869–1940), US-amerikanesch Anarchistin, Feministin a Schrëftstellerin
- Ben Shahn (1898–1969) US-amerikanesche Moler a Grafiker
- Emmanuel Lévinas, Philosoph (1906–1995)
- Nina von Stauffenberg, d'Fra vum Hitler-Attentäter Claus Schenk von Stauffenberg (1913–2006)
- Donatas Banionis (1924–2014), litauesch a sowjetesche Schauspiller
- Jacques Sernas (1925–2015), franséische Schauspiller
- Mosche Arens, Verdeedegungs- an Ausseminister vun Israel (1925–2019)
- Valdas Adamkus, President vun der Republik Litauen (* 1926)
- Aharon Barak, President vum Ieweschte Geriicht vun Israel (* 1936)
- Arvydas Sabonis (* 1964), ee vun de bekanntste litauesche Basketballspiller
- Antanas Guoga (*1973), litauesche Pokerspiller (ënnert dem Numm Tony G) a Politiker
- Žydrūnas Ilgauskas (*1975), en anere bekannte Basketballspiller
- Salomėja Zaksaitė (* 1983), litauesch Schachspillerin
- Linas Kleiza (* 1985), litauesche Basketballspiller
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- E Concert bei der Buerg Kaunas wärend dem "Dag vun der Eegestaatlechkeet".
- D'Perkūnas-Haus am gothesche Stil.
- D'Stadhaus vu Kaunas, dat haut just nach fir zeremoniell Zwecker benotzt gëtt.
- D'Kierch vun der Helleger Gertrud aus dem 16. Joerhonnert.
- Déi fréier orthodox an haiteg kathoulesch Kierch vum hellegen Äerzengel Michel.
- D'Kathedral vu bannen.
- D'Klouschter Pažaislis am Südoste vun der Stad.
- De Krichsmusée "Vytautas de Groussen".
- D'Kaunas-Klinicken zielen zu de gréisste Spidolskomplexer am Baltikum.
- D'Monument fir déi iwwer 30.000 Judden, déi am IX fortas ("9. Festung") vun der Nazien ëmbruecht goufen.
- Vue op de Quartier Vilijampole.
- Wärend dem Marathon am Joer 2015.
- D'Teschnesch Universitéit.
- D'Maarthalen "Urmas" am Oste vun der Stad.
- De monumentalen Aquarium am Akafszentrum Mega.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kaunas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 (lt) Statistika (Allgemeng Informatiounen). Gemeng Kaunas (19. Januar 2026). Gekuckt den 19. Abrëll 2026.
- 1 2 (en) Kaunas Reservoir Regional Park. kaunasin.lt. Gekuckt den 19. Abrëll 2026.
- ↑ Alexandra Frank, Mirko Kaupat, Günther Schäfer - Baltikum: Litauen, Lettland, Estland; Reise Know-How Verlag, 3. Editioun, 2017; ISBN: 978-3-8317-2915-9, Säit 103-139
- ↑ (lt) Marija Oniščik, Kaunas: maža didelio miesto istorija (I). nemunas.press. Gekuckt den 19. Abrëll 2026.
- 1 2 (lt) Miesto istorija. kaunas.lt (13. Abrëll 2016). Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- 1 2 (en) Modernist Kaunas: Architecture of Optimism, 1919-1939. unesco.org. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Portrait of the Regions of Lithuania: Kaunas city municipality (archivéiert). Litauescht Amt fir Statistik (ëm 2011) Archivéiert de 26.05.2011. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- 1 2 (lt) Kauno marios. vle.lt. Gekuckt den 19. Abrëll 2026.
- ↑ (lt) Romas Kalanta, Ambassador of Freedom, and the Spring of 1972 in Kaunas. lrs.lt (Parlement vu Litauen). Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Kaunas Free Economic Zone investment exceeds €1.5 billion. kaunasin.lt. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) The Hospital of Lithuanian University of Health Sciences Kauno klinikos. lsmu.lt. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Trade Town URMAS. kaunasin.lt. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Tadas Šarūnas, Investigation report: evaluation of Kaunas European Capital of Culture 2022. researchgate.net. Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (lt) Kauno Dariaus ir Girėno stadiono rekonstrukcijai iš valstybės biudžeto skirta beveik 10 mln. eurų. lrt.lt (13. Oktober 2022). Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Vykintas Vaitkevičius, Giedrius Kuliešius, Kauno Ąžuolyno istorijos atodangos. researchgate.net (Abrëll 2024). Gekuckt de 26. Abrëll 2026.
- ↑ (lt) Karolina Aleknavičė, Mažai žinoma Petrašiūnų kapinių istorijos pusė: žymusis panteonas ir nuo praeivių akių paslėpti Lietuvos kūrėjai. lrt.lt (2. November 2023). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
- ↑ (en) Vida Mildažienė, The 90-Year Long Route of Kaunas Botanical Garde. Biologija. Vol. 59. No. 1. P. 45–14 (2023). Gekuckt de 24. Abrëll 2026.
- ↑ (lt) Jubiliejinius 85-erius metus vainikuos Lietuvos zoologijos sodo atidarymas. zoosodas.lt (3. Juli 2023). Gekuckt de 24. Abrëll 2026.
