Kenzaburō Ōe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kenzaburo Ōe)
Kenzaburō Ōe
Gebuer 31. Januar 1935
Gestuerwen 3. Mäerz 2023
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Romancier, Essayist, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Science-Fiction-Schrëftsteller, Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Sciences


Kenzaburō Ōe (大江 健三郎, Ōe Kenzaburō), gebuer den 31. Januar 1935, a gestuerwen den 13. Mäerz 2023, war e japanesche Schrëftsteller, deen 1994 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.

De Kenzaburō Ōe koum op der Insel Shikoku am Duerf Ose als eent vu siwe Kanner op d'Welt. Säi Papp dee Bauer war, ass gestuerwe wéi de Kenzaburō néng Joer al war. Am Alter vun 18 Joer huet hie sech op der Tokyo Universitéit ageschriwwen an huet franséisch Literatur studéiert. Seng Ofschlossaarbecht behandelt d'Wierk vum Jean-Paul Sartre.

Schonn als Student huet e mat Schreiwen ugefaangen a war um Ufank vun zäitgenësseschen Auteuren aus Frankräich an den USA beaflosst. Sou verwonnert et net, datt hie schonn 1958 mat dem renomméierten Akutagawa-Präis ausgezeechent gouf.

Hien huet sech 1960 bestuet a gouf am Laf vun de Jore Papp vun dräi Kanner. Den eelste Bouf Hikari, gebuer 1963, ass geeschteg behënnert, dat ass dann och en Theema dat am Ōe sengen Texter méi wéi eng Kéier opdaucht. Dat ass eent vu ville perséinlechen, autobiographeschen Erliefnesser, déi sech am Wierk vum Ōe a liicht verännerter Form erëmfannen.

Hie gëtt dacks mat zwéi groussen europäeschen Auteuren, dem Heinrich Böll an dem Günter Grass verglach. Den Ōe krut 1994 als zweete Japaner nom Yasunari Kawabata den Nobelpräis fir Literatur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kenzaburō Ōe – Biller, Videoen oder Audiodateien