Kepler-452b

Vu Wikipedia
Kepler-452 b
Gréissteverglach tëscht Äerd a Kepler-452b
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Stärebild
Rektaszensioun 19h 44m 00,89s
Deklinatioun +44° 16' 39,20"
Ëmlafdauer 384,843 (+0,007/-0,012) d
Radius 1,11 (+0,15/-0,09) R
Mass 1,037 (+0,054/-0,047) M
Entdecker Kepler Science Team
Datum vun der Entdeckung 23. Juli 2015

De Kepler-452b ass en Exoplanéit vum Stär Kepler-452, dee vum Weltraumteleskop „Kepler“ identifizéiert gouf. D'Entdeckung gouf vun der NASA den 23. Juli 2015 publik gemaach. Besonnesch dobäi ass, datt et fir d'éischt war, datt en äerdänleche Planéit fonnt gouf, deen ëm e Stär vun der Spektralklass G2V kreest. Zu der selwechter Klass gehéiert och eis Sonn.

De Kepler-452b ass en äerdänleche Planéit, dee sech an der habitabler Zon beweegt – also an deem Beräich vun engem Planéitesystem, wou d'Existenz vu flëssegem Waasser a sou och Liewen, wéi mir et kennen, méiglech ass.[1] De Stär läit 1400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gläicht hir staark. En ass nëmmen 10 % méi grouss an e bësse méi hell. D'System ass mat 6 Milliarde Joer ongeféier 1,5 Milliarde Joer méi al wéi eist Sonnesystem. De Kepler-452b huet een ëm 60 % méi groussen Duerchmiesser wéi eis Äerd an en huet ongeféier déi duebel Schwéierkraaft. Seng Ëmlafzäit ass 385 Deeg.

En Diagramm vun den Ëmlafbunne vum Kepler-452b am Kepler-452-System, am Verglach zu dem bannenzege Sonnesystem an dem Kepler-186-System, an hir jeeweileg projezéiert bewunnbar Zon

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Felicia Chou, Michelle Johnson: NASA's Kepler Mission Discovers Bigger, Older Cousin to Earth. NASA, 23. Juli 2015. Gekuckt den 23. Juli 2015.