Kierch Konter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch (Konter))
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Konter
D'Parkierch vu Konter
Uertschaft Konter
Par Konter
Numm / Patréiner Hl. Barbara
Konsekratiounsjoer 05.07.1879
Architekt(en) Th. Eberhard
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vu Konter

D'Kierch vu Konter ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Konter, zum Parverband Nei Par Sektor Ost, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuer-Ost an zu der Gemeng Konter gehéiert. Responsabel sinn d'Paschtéier Nicolas Schartz a Francis Erasmy.

Patréinesch vun der Kierch ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Mutferter Strooss, dem CR234, op der Kräizung mat der Place de la Mairie. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf zum gréissten Deel an de Joren 1782 - 1788 gebaut. Am Joer 1843 ass se vum Architekt Théodore Eberhard vergréissert ginn.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Uergel gouf den 20.Juni 2004 ageweit; et ass eng vun der Uergelmanufaktur Weimbs vun Hellenthal aus der Äifel. Se huet 15 Regësteren an 2 Manualer. D'Intonatioun staamt vum Friedbert Weimbs.

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee ass aus dem Joer 1969 a gouf vum Sculpteur Emile Hulten geschnëtzt.

Grafsteng[änneren | Quelltext änneren]

Am Chouer op der lénkser Säit sti véier Grafsteng vun den Adelsfamille von Metternich, Metzenhausen a Feltz aus dem 16. Joerhonnert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Konter – Biller, Videoen oder Audiodateien