Kierch Aasselbur

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vun Aasselbur
Filialkierch vun Aasselbur (2013)
Filialkierch vun Aasselbur (2013)
Uertschaft / Plaz Aasselbur
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Péitruss a Paulus
Koordinaten 50° 05’ 44.8’’ N
05° 58’ 20.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Aasselbur ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Lubomir Fabcin vun Helzen.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi Helleg Péitruss a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Zentrum vum Duerf an der Fissgässen a ronderëm se ass de Kierfecht ugeluecht. Um Kierfecht ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Aasselbur, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Aasselbur huet ausser der Parkierch vun Aasselbur och nach d'Kapell vu Rëmeljen an d'Kapell vu Saassel gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Aasselburer Kierch huet 3 Klacken, déi ënnert der Dispositioun c' ' d' ' a', och do re a la genannt, lauden. Si sinn aus Bronze gegoss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Aasselbur – Biller, Videoen oder Audiodateien