Kierch Altréier

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Kierch zu Altréier
Kierch vun Altréier (2013)
Uertschaft Altréier
Par Hemstel
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Altréier ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hemstel, zum Parverband Konsdref, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Gréiwemaacher an zu der Gemeng Bech gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Carlo Morbach vu Konsdref.

Patréiner ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Altréier Op der Schanz, dem CR136/136A. Zirka 20 m hanner der Kierch steet e Waassertuerm. De Kierfecht ass zirka 60 m hanner der Kierch ugeluecht.

Se gouf den 30. August 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur Par Hemstel gehéieren ausser der Kierch vun Altréier och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Kapell vun Heeschbrech, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Altréier – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vun Altréier aus nërdlecher Richtung gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de A à C. (Lescht Versioun vum 2. resp. 15. Abrëll 2019).