Kierch Bäerdref

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch vu Bäerdref
Parkierch vu Bäerdref (2015)
Parkierch vu Bäerdref (2015)
Uertschaft Bäerdref
Par Bäerdref
Dekanat Iechternach
Numm / Patréiner Hl. Johannes den Deefer
Baujoer 1830
Konsekratiounsjoer 1831
Koordinaten 49° 49’ 15.5’’ N
     06° 20’ 56.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Bäerdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Bäerdref, zum Parverband Iechternach, Ënnersauer, Jonglënster, Konsdrëf, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Iechternach an zu der Gemeng Bäerdref gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Carlo Morbach vu Konsdref.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Konsdrefer Strooss, dem CR137, géintiwwer vum Gemengenhaus.

Zur Par Bäerdref gehéiert ausser der Parkierch vu Bäerdref och nach d'Filialkierch vun der Bollenduerfer-Bréck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi Bäerdref 1803 zu enger selbstänneger Par erhuewe gouf, huet sech d'Fro no enger eegener Parkierch gestallt.[1] Bis dohin hat eng al Kapell joerhonnertelaang als Filialkierch gedéngt. De 26. Februar 1829 krut den Theodor Fichtel de Bauoptrag, eng nei Kierch op deem Terrain vis-à-vis vum Paschtoueschhaus, wou si bis haut steet, ze bauen. Déi al Kapell gouf dobäi als Steebroch fir déi nei Kierch benotzt. Am spéide Summer 1830 war de Bau vun der Kierch souwäit ofgeschloss. Den 11. Januar 1831 gouf de réimesche Véiergëttersteen an déi nei Kierch transferéiert an als Ënnerbau fir den Haaptaltor opgestallt, awer sou, datt e ganz verdeckt war. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Véiergëtterstee vu Bäerdref Et goufe kleng Niewenaltär an Hellegestatuen opgestallt an zwou kleng Klacken opgehaangen. Déi virleefeg Benediktioun war de 26. Juni 1831.

An de Joren duerno gouf e klassizisteschen Héichaltor vum Sculpteur Reif vun Tréier installéiert. Den 30. Juni 1847 gouf d'Kierch vum Bëschof Jean-Théodore Laurent konsekréiert. 1857 gouf decidéiert, den Tuerm auszebauen. Et koumen dräi Klacke bäi, an 1862 eng Tuermauer. De Priedegtstull wäert ëm 1865 entstane sinn. E puer Joer méi spéit gouf en neien Altor bestallt, deen, wéi de Virgängermodell, ganz aus Holz war an de réimesche Véiergëttersteen ëmfaasst huet. Zu där Zäit gouf och d'Verwëllef vum Chouer nei ausgemoolt an 1900 goufen nei faarweg Kierchefënsteren agebaut.

Am Zweete Weltkrich huet d'Bäerdrefer Parkierch schwéier Schied erlidden. 1941 gouf den Tuerm an d'Sakristei duerch e Brand beschiedegt, an an der Ardennenoffensiv gouf d'Kierch an hiren Tuerm, wéi och bal d'ganzt Duerf, uerg beschiedegt. 1949-1950 gouf d'Kierch nees opgebaut. 1951 gouf en neien Tuerm, e puer Meter vun der Kierch ewech, gebaut. Dësen huet bis Enn 2014 gläichzäiteg als Waassertuerm gedéngt. Well déi al Molereie bal ganz zerstéiert gi waren, gouf an der Mëtt vun den 1950 Jore op der hënneschter Mauer vum Chouer e Mosaik installéiert. E weist d'Kräizegungszeen an zwee altestamentaresch Virbiller vum Christusaffer. Den Altor gouf duerch deen, dee bis haut do ass, ersat. Dobäi gouf de réimesche Véiergëttersteen och fir d'éischt zanter Mënschegedenken als Ënnerbau vun der Mensa siichtbar gemaach.

1976 gouf den Altorraum nei organiséiert. Virun den Haaptaltor gouf e méi e klenge Volleksaltor, deen aus der fréierer Kommiounsbänk zesummegesat gouf, opgestallt. E puer Joer méi spéit koum et zu enger gréisserer Renovéierung vun der Kierch.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel an der Bäerdrefer Kierch ass vun der Tréierer Uergelmanufaktur Rudolf Oehms. Si gouf op Päischtsonndeg, den 10. Juni 1984 ageweit. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Bäerdref

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schoos, Jean: "Die Geschichte einer Dorfkirche. 150 Jahre Pfarrkirche in Berdorf", in: Conseil de la Fabrique d'Eglise Berdorf (Ed.): Berdorf 1982. Livre d'or édité à l'occasion du 150e anniversaire de la construction et de la consécration de l'église paroissiale..., Luxembourg, Saint-Paul 1982, S.39-78.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell fir dëst Kapitel: Pfarrei Berdorf