Kierch Béigen

Vu Wikipedia
Kierch vu Béigen
Filialkierch vu Béigen (2006)

Filialkierch vu Béigen (2006)
Filialkierch vu Béigen (2006)
Uertschaft / Plaz Béigen
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratioun 1721
Baujoer 1720
Koordinaten 50° 2’ 44.3’’ N
      5° 56’ 0.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Béigen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am südlechen Deel vun der Uertschaft. Nieft der Kierch sinn nach eng Rei Grafsteng vum fréiere Kierfecht ze gesinn. Deen neie Kierfecht ass zirka 80 m nërdlech vun der Kierch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1720 ënner dem Paschtouer Jodoci gebaut. Se gouf 1721 konsekréiert.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Béigen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Béigen huet ausser der Parkierch vu Béigen och nach d'Filialkierch vun Heesdref an d'Kapell vu Wëntger gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Béigen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154