Kierch Biissen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Biissen
Parkierch vu Biissen (2013)
Parkierch vu Biissen (2013)
Uertschaft / Plaz Biissen
Par Äischdall-Helpert
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Stephanus
Konsekratioun 1868
Architekt(en) Joseph Hartmann
Baujoer 1861
Koordinaten 49° 47’ 14.3’’ N
06° 03’ 59.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Biissen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Biissen gehéiert.

Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par St. Stephanus Biissen, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Stephanus, deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt. Den Niewepatréiner ass den hellege Laurentius (10. August).

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Mierscher Strooss, dem CR115.

Se gouf 2019, wéi virdru schonn d'Uergel (2001) a véier Freskemolereie vum Jean-Pierre Beckius (Zousazinventaire, 1987), als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Biissen gehéiert ausser der Parkierch och nach d'Kapell um Wobierg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Pläng fir d'Biisser Parkierch si vum Architekt Joseph Hartmann aus der Stad Lëtzebuerg. D'Direktioun vun den Aarbechte gouf vu sengem Jong Antoine Hartmann iwwerholl. De Grondstee gouf den 20. Juli 1858 geluecht, deelweis op därselwechter Plaz wou virdrun déi al Parkierch stoung. Déi éischt Mass gouf am Wanter 1860/61 an der neier Kierch gefeiert, während d'Konsekratioun eréischt den 23. Juni 1868 duerch de Bëschof Nicolas Adames gefeiert gouf.

De Sculpteur M. Stephan vu Köln huet 1867 den Haaptaltor geliwwert, dee sech dem neogotesche Stil vun der Kierch upasst. Bei der Konsekratioun goufe Reliquie vum hellegen Aurelius a vum hellegen Desiderius agemauert. An der Spëtzt gesäit een eng Statue vun der Muttergottes. Déi aner zwou Statue stellen d'Patréiner duer.

De Kënschtler Jean-Pierre Beckius huet 1924 déi véier Freskemolereien am Chouer geschaf. Dës véier Biller (3 Meter x 2,50 Meter) sinn déi eenzeg Kierchebiller, déi de Beckius gemoolt huet. Se weisen de Jesus bei der Owesmoolzecht, de Jesus wéi en de Jüngling vun Naïm nees erwächt, de Jesus als Kannerfrënd an de Jesus bei der Biergpriedegt. 1958 goufe Bibel-Zitater a GoldBuschtawen dobäi gesat. 1987 goufen se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.

De Volleksaltor an den Ambo sinn 1977 vum Jean Haler vun Ettelbréck geliwwert ginn. Déi vum fréiere Priedegtstull ofmontéiert Holzskulpture vun de véier Evangeliste goufen um Ambo montéiert.

Déi zwéi Säitenaltär, de Muttergottesaltor an den Häerz-Jesu-Altor, goufen 1880 vum Sculpteur Joseph Fischer vu Gréiwemaacher no de Pläng vum Architekt A.P. Kemp gemaach. An de Joren 2010/11 goufen se restauréiert.

D'Laurentius-Fënster weist Zeenen aus dem Liewe vum zweete Patréiner vun der Kierch. D'Stephanus-Fënster ass aus dem Joer 1897. D'Häerz-Jesu-Fënster huet den Numm vun der Stëfterin Margareta Stiefer an d'Joerzuel 1896. Et stellt d'Helleg Häerz Jesu an enger Erscheinung un déi helleg Seherin Maria Margreta Alacoque duer. D'Rousekranzfënster weist de Verbreeder vum Rousekranzgebiet, den hellegen Dominique. 2007 goufen dës véier Fënstere vun der Tréirer Firma Kaschenbach Glas-Kunstwerkstätten restauréiert an duebel verglaast.

Déi véier Beichtstill goufe vum Biisser Schräiner Nicolas Ottelé an de Joren 1864/65 gemaach.

Déi véierzéng Statiounsbiller goufe vum Dekoratiounsmoler Jean Schaack aus der Stad Lëtzebuerg mat Uelegfaarf gemoolt. D'Rumme sinn aus Eechenholz am gotesche Stil.

Déi al Kierchebänke vun 1893 goufen 1975 duerch 21 nei Bänke vun der Firma Eller vu Kassel ersat. Déi geschnëtzte Kappenner vun den ale Bänke goufe fir déi nei Bänken iwwerholl. 2008 goufen d'Bänke vum Jean-Claude Colling esou ëmgeännert, datt nees e Mëttelgank entstan ass. Déi säitlech Bänke (Kannerbänken) stamen aus dem Joer 1930.

De Kierchtuerm ass mat sengen 49,5 Meter ee vun den héchsten zu Lëtzebuerg. Déi dräi Klacke goufen de 5. Januar 1947 geweit. Se goufe vun der Schwäizer Firma Ruetschi vun Aarau gegoss. Déi grouss Klack mat engem Gewiicht vun 1300 kg ass der helleger Dräifaltegkeet geweit, déi zweet der Tréischterin, Kinnigin vum Fridden, an déi drëtt der helleger Theresia vum Kand Jesus. D'Klacke lauden am Toun a' g' e'.

Freskemolerei vum Jean-Pierre Beckius

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel gouf 1892 vun den Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut a steet zanter 2001 ënner Denkmalschutz.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Biissen

Series pastorum[änneren | Quelltext änneren]

  1. Robert Duvivier, Paschtouer zu Biissen, – 1713
  2. Johann Conrad Boltz vu Gréiwemaacher, Paschtouer zu Biissen, 1713 – 1739
  3. Johann Baptiste Molitor, Paschtouer zu Biissen, 1739 – 1745
  4. Eucharius Peckels vun Noutem (Atert), Paschtouer zu Biissen, 1745 – 1760
  5. Johann Nikolaus Kneip zu Biissen, Paschtouer zu Biissen, 1761 – 1779
  6. Karl Kneip, Paschtouer zu Biissen, 1779 – 1780
  7. Johann Heinrich Türck, Paschtouer zu Biissen, 1780-1829
  8. Nikolaus Hoffmann vu Wal, Paschtouer zu Biissen, 1829 - 1854
  9. Nikolaus Schmitz vun Helzen, Paschtouer zu Biissen, 1854 - 1876
  10. Nikolaus Edouard Herr vun Ettelbréck, Paschtouer zu Biissen, 1876 - 1885
  11. Nikolaus Jost vun Esch-Sauer, Paschtouer zu Biissen, 1885 - 1895
  12. Thomas Schock vu Gréiwemaacher, Paschtouer zu Biissen, 1895 - 1914
  13. Johann Peter Molitor aus der Fiels, Paschtouer zu Biissen, 1914 - 1928
  14. Emile Linden vu Rolleng, Paschtouer zu Biissen, 1928 - 1932
  15. Franz Reinhard Schmit vun Duelem, Paschtouer zu Biissen 1932 - 1945
  16. Albert Meyers vu Bungeref, Paschtouer zu Biissen, 1945 - 1968
  17. Aloyse Mossong aus der Closdellt (Branebuerg), Paschtouer zu Biissen, 1968 - 1991:
    De Paschtouer Mossong war de leschte Paschtouer, deen zu Biissen gewunnt huet. D'Par Biissen gouf un de Parverband Miersch ugeschloss, deen administrativ a pastoral geleet gouf vun enger Pastoralequipe. Fir d'Par Biissen gouf den Deche vu Miersch zoustännege Paschtouer.
  18. Ferdy Fischer vu Keel, Paschtouer zu Biissen, 1991 - 2004:
    Am ganze Land goufen an der Zwëschenzäit Parverbänn gegrënnt. Och an der Géigend vu Biissen gouf de Parverband Sankt Willibrord Helpert gegrënnt. Zum Paschtouer a Moderator vum neie Pastoralteam gouf den Abbé Joël Santer genannt, dee bis dohi Kaploun am Parverband Miersch mat Sëtz zu Miesdref, an als Kaploun och schonn zu Biissen war. Als neie Paschtouer vum Parverband St. Willibrord Helpert, ass säi Wunnsëtz am Paschtoueschhaus zu Bruch (Miersch)
  19. Joël Santer vu Wecker, Paschtouer zu Biissen, 2004 -

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Victor Kalmes an anerer: Bissen seit eh und je, 2001, 2 Bänn, 526 a 567 S., Impr. St. Paul, ISBN 2-87996-939-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire (Lescht Versioun vum 8. August 2019).