Jousefskierch zu Boufer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Bouferdeng)
Kierch vu Boufer

Uertschaft / Plaz Boufer
Par Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Koordinaten 49° 41’ 22.1’’ N
      06° 08’ 27.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Jousefskierch zu Boufer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Luerenzweiler gehéiert. Si steet op der Haaptstrooss, offiziell d'N7 (route de Luxembourg).

1886 ass mat dem Bau vun dëser klenger Kierch ugefaange ginn. De Grondstee gouf wärend der Kiermes vu Luerenzweiler geluecht. Den 20. Juni 1887 gouf d'Boufer Kierch, eng Filial vun där vu Luerenzweiler, ageweit. D'Initiative goung op d'Pescatoren zeréck, déi och den Terrain gestëft hunn. D'Kierch gouf vum Architekt Pierre Kemp am neigotesche Stil geplangt a vun de Bridder Kintzelé vu Luerenzweiler gebaut. Si ass dem hellege Jousef geweit, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

Zur fréierer Par Luerenzweiler hunn ausser der Filialkierch vu Boufer och nach d'Parkierch vu Luerenzweiler an d'Filialkierch vun Hënsdref gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jousefskierch zu Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien