Kierch Elleng

Vu Wikipedia
Kierch vun Elleng
Parkierch vun Elleng (2013)

Parkierch vun Elleng (2013)
Parkierch vun Elleng (2013)
Uertschaft / Plaz Elleng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Lambert
Konsekratioun 1872
Baujoer 1872
Koordinaten 49° 31’ 14.8’’ N
      06° 17’ 48.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Elleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Munneref gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.

Den 29. Mäerz 2018 gouf d'Kierch op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Si steet op der Ierpeldenger Strooss, dem CR149, géintiwwer dem Kulturzentrum Martialis.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Agank vun der Ellenger Kierch

Am Januar 1803 ass Elleng zu enger eegestänneger Par erhuewe ginn. Virdrun huet et zur Par Duelem gehéiert. Éischte Paschtouer zu Elleng war den Heinrich Medinger aus Conter. Zu där Zäit stoung op der Plaz vum haitege Kierfecht eng Kapell, déi och schonn dem hellege Lambert geweit war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Elleng.

1871-1872 gouf déi haiteg Parkierch gebaut, an den 1. Juni 1872 gouf se konsekréiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Klacke vun der aler Kapell sinn an déi nei Kierch iwwerholl ginn. Awer schonn am November 1872 huet déi gréisser vun den zwou Klacken e Rass kritt an ass doduerch onbrauchbar ginn. Den 23. Abrëll 1874 goufen dunn zwou nei Klacke vum Deche Peter Klein aus Réimech ageseent. Awer schonn am Joer 1903 ass nees eng vun de Klacke gerass an ass am selwechte Joer duerch eng gréisser Klack vun der Firma Hansen-Mabilon vu Saarbuerg ersat ginn.

Déi zweet Klack (Lambertusklack) aus dem Joer 1874 ass 1940 gerass. 1946 ass an der Schwäiz zu Aarau vun der Klackegéisserei H. Ruetschi eng nei Klack gegoss ginn. Den 1. Januar 1947 ass déi nei Klack vum Deche Bernard Ries vu Réimech ageweit ginn.

2003 koumen 2 nei Klacken[1] vun der Klackegéisserei Hermann Schmitt vu Brockscheid an der Äifel an den Tuerm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Elleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit Ellange.eu