Op den Inhalt sprangen

Kierch Gousseldeng

Vu Wikipedia
Kierch vu Gousseldeng
Kierch vu Gousseldeng (2013)

Kierch vu Gousseldeng (2013)
Kierch vu Gousseldeng (2013)
Uertschaft / PlazGousseldeng
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Blasius
Konsekratioun 1891
Baujoer 1890
Koordinaten 49° 43’ 33.8’’ N
      06° 06’ 55.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Gousseldeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Lëntge gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Mierscher Strooss (route de Mersch), dem CR101.

De 15. Januar 2025 gouf s'als nationaalt Kultuierwe klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Lëntge gehéiert ausser der Filialkierch vu Gousseldeng och nach d'Parkierch vu Lëntgen.

En Dokument aus dem 11. Joerhonnert liwwert en éischten Hiwäis op d'Existenz vun enger méiglecher Kierch zu Gousseldeng. An engem Visitatiounsrapport aus dem Joer 1570 gëtt eng Kapell, déi dem hellegen Apostel Théiwes geweit war, fir d'éischt Kéier mam Numm ernimmt. Se stoung – zesumme mam Paschtoueschhaus – ongeféier honnert Meter nërdlech vun der haiteger Filialkierch, op der Kräizung vun der Haaptstrooss mat der Hiel (Rue des Forêts). E Rapport vum Paschtouer Lorang aus dem Joer 1882 weist op den ëmmer méi inakzeptabelen Zoustand hin: a sengem Bréif huet hie sech ënner anerem doriwwer beschwéiert, datt d'Kierch ze kleng ass, datt et bannenan ze vill fiicht ass an datt den allgemengen Zoustand vum Gebai baufälleg wier. Warscheinlech wéinst deem schlechten Zoustand gouf se dunn e puer Joer méi spéit mat der haiteger Kierch ersat.

Déi ursprénglech Pläng vun der neier Kierch ware vum Baukondukter Hennes vu Miersch opgestallt ginn, goufen awer deelweis vum Staatsarchitekt Charles Arendt iwwerschafft. D'Kierch ass gréisstendeels mat Done vun der Bevëlkerung finanzéiert ginn, méi spéit koum awer och nach eng finanziell Hëllef vum Staat derbäi. De Grondstee gouf den 13. November 1890 vum Deche Bernard Haal aus der Stad geluecht; 1891 gouf d'Kapell vum Mierscher Deche Clasen ageseent.

Ëm 1930 huet den deemolege Paschtouer J. P. Wampach dem Bëschof geschriwwen, mam Wonsch fir eng Sakristei an en Duxall ze bauen. Mat Hëllef vu generéise Spende gouf dëst Erweiderung am Joer 1931 no de Pläng vum Architektebüro Nouveau a Müller ëmgesat. Am 20. an 21. Joerhonnert gouf d'Daachkonstruktioun erneiert an et goufe verschidde Restauratiounsaarbechten an der Kierch duerchgefouert.[2]

D'Glasmolerei-Fënstere vum Chouer goufen am Joer 1942 vun de Bridder Linster vu Munneref realiséiert. Op der Fënster riets vum Altor ass eng Duerstellung vum hellege Willibrord an op der lénker Säit ass eng vun der helleger Kunigunde.[2]

Den zentrale Punkt vum Interieur ass de spéitbarocken hëlzenen Altor vu 1763, deen an der Mëtt vum Chouer steet. E gouf vum Sculpteur Barthélemy Namur entworf.[2]

Um Duxall steet eng Uergel, déi 1990 vum Georg Westenfelder gebaut gouf. Se besteet aus engem Gehais aus Eechenholz, engem eenaarmege Manual an 270 Päifen.[2]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vu Gousseldeng.

 Commons: Kierch Gousseldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kierch vu Gousseldeng aus ëstlecher Richtung gesinn

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
  2. 1 2 3 4 (de) Inventar der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg, Gemeinde Lintgen (PDF) S. 54-69. inpa.public.lu. Gekuckt den 11.11.2025.