Nikloskierch zu Habscht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Habscht)
Kierch vun Habscht
Kierch vun Habscht (2011), virdrun de Monument aux Morts

Kierch vun Habscht (2011),
virdrun de Monument aux Morts
Kierch vun Habscht (2011),
virdrun de Monument aux Morts
Uertschaft / Plaz Habscht
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Konsekratioun 15. Juli 1979
Architekt(en) A. Hartmann
Baujoer 1851
Koordinaten 49° 41’ 21.2’’ N
      05° 54’ 45.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskierch zu Habscht ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert St-Willibrord an zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Habscht gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss, enger Säitestrooss vum CR106. Ronderëm d'Kierch war fréier de Kierfecht ugeluecht, wat een un enger Rei ale Grafsteng aus dem 18. a fréien 19. Joerhonnert ka gesinn. De Kierfecht ass haut westlech vun der Kierch an der rue du Cimetière.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1247 gouf d'Uertschaft Habscht am Testament vun der Gräfin Ermesinde ernimmt. Déi Zäit war Ielwen an Habscht zesummen eng Par.

1772 krut déi fréier Habschter Kapell e Klackentuerm ugebaut.

1805 (aner Quelle soen 1809) gouf Habscht eng eegestänneg Par.

1851 (aner Quelle soen 1850) gouf op der Plaz vun der Kapell no de Pläng vum Antoine Hartmann en neit Kiercheschëff gebaut. Nëmmen den Tuerm ass vun der aler Kierch iwwerholl ginn.

1976 gouf dee gréissten Deel vun der Kierch duerch e Feier zerstéiert, nëmmen den Dréitabernakel, d'Relieffer vun den Evangeliste vum barocke Priedegtstull an e Bild vum hellegen Haupert sinn nach iwwreg bliwwen. Ënner dem Architekt Paul Espen gouf d'Kierch, där hir Baussemauere statesch nach an der Rei waren, nees opgebaut. Dobäi gouf en neie Plaffong agezunn, deen dem ale Schëff eng asymmetresch Form gëtt.

De 7. Mee 2017 gouf d'Par Habscht opgeléist an déi nei Par Äischdall-Helpert St-Willibrord integréiert, déi déi haiteg Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll begräift.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm vun Habscht hänke sechs Klacken déi am Toun des", ces", b', as', ges' an es' oder och genannt re, do, la, sol fa, mi lauden.

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchfënsteren aus dem Joer 1978 si vum Gustave Zanter.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchenuergel staamt aus der Uergelmanufaktur Bridder Oberlinger vu Windesheim.

D'Krëppchen[änneren | Quelltext änneren]

D'Krëppchen an der Habschter Kierch (2007)

D'Krëppchen an der Habschter Kierch kënnt aus engem Holzschnëtzeratelier vu St. Anton am Arlberg an Tiroul. D'Figure goufen der Kierch nom Groussbrand vun 1976 gestëft.

Paschtéier vun Habscht[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
  1. LAPLUME Jean Henri vun Aasselbuer                               1805 – 1806
  2. SCHENGER Laurent vun Dikrech                          01.08.1806 – 01.12.1836
  3. STEICHEN Joseph vum Oehlerhaff (B-Tintange)   30.12.1806 – 04.03.1863+
  4. HEYMANS Henri vun Dummeldeng                                  26.02.1863 – 13.08.1866+
  5. DUPONT Jacques aus dem Paafendall                               17.08.1866 – 12.12.1877
  6. NEYEN Mathias vun Dikrech                                             12.12.1877 – 15.05.1890
  7. KAUTH Eugène vu Schweech                                            31.05.1890 – 01.11.1906
  8. STEIMETZ Guillaume vu Berbuerg                         06.11.1906 – 27.09.1915
  9. LORDONG Henri vun D-Ingolstadt                                   30.08.1915 – 06.11.1922
  10. WEBER Jean vu Lenneng                                     06.11.1922 – 01.12.1938
  11. KIRCH Joseph vu Greiweldeng                                        01.12.1938 – 01.08.1950
  12. FISCH Albert vu Rëmeleng                                        08.10.1950 – 01.05.1981
  13. BRAUN Camille SCJ vun Itzeg                                        08.07.1981 – 15.02.1997
  14. BIRSENS Paul SCJ vu Wecker                                       01.09.1997 – 15.07.2002
  15. MAJERUS Michel vu Péiteng                                           01.09.2002 – 30.08.2009
  16. KLEIN Théo SCJ vu Beggen                                           01.09.2009 – 06.05.2017
  17. TURMES Nico SCJ vun Esch/Uelzeccht              01.09.2009 – 06.05.2017
  18. SANTER Joël vu Wecker                                   07.05.2017 -

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskierch zu Habscht – Biller, Videoen oder Audiodateien