Kierch Heischent

Vu Wikipedia
Kierch vun Heischent
Filialkierch vun Heischent (2014)

Filialkierch vun Heischent (2014)
Filialkierch vun Heischent (2014)
Uertschaft / Plaz Heischent
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Ketten
Architekt(en) Ernst van Koenig
Baujoer 1853 (Grondsteen)
Koordinaten 49° 53’ 14.3’’ N
      05° 58’ 38.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Heischent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus a Ketten, lat. Sanctus Petrus ad Vincula, den éischte Poopst, deem säi Fest den 1. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Zentrum vun der Uertschaft An der Gaass.

Den 12. Februar 2024 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]


Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Grondstee fir déi nei Kierch vun Heischent am neogotesche Stil gouf 1853 geluecht. D'Pläng goufe vum Architekt Ernst van Koenig gemaach, en hollännesche Genieleutnant a.D. deen zu Dikrech gewunnt huet. D'Kierch hat ursprénglech dräi Schëffer, awer d'Fäerdegstellung vun den Aarbechte gouf duerch Problemer tëscht der Gemengeverwaltung an der Kierchefabréck ëm dräi Joer an d'Längt gezunn. Fir déi nei Kierch goufen d'Ariichtunge vun der Virgängerkierch iwwerholl. D'Miwwele stame vum lëtzebuergesche Sculpteur Michael Weiler (1719-1805).

Schonn 1877 war de Bau duerch staark Rëss an de Mauere baufälleg ginn. 1897 goufen d'Säiteschëffer ofgerappt an d'Haaptschëff krut nei Säitemaueren. Nëmmen den Tuerm an de Chouer si bliwwe wéi se waren. Bei enger Renovéierung an de Joren 1974-75 kruten d'Säitemauere vum Schëff Stäiler Eng weider Renovéierung virun allem un der Fassad gouf fir d'150-Joerfeier vun der Kierch gemaach.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Heischent och d'Parkierch vun der Par Heischent. Zur fréierer Par Heischent huet ausser der Parkierch vun Heischent och nach d'Kapell vu Mëtscheed an d'Kapell am Heischtergronn gehéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Organisatiounskomitee-Jubiläumsjoer Por Heischent: Por Heischent: 150 Joer Porkierch Heischent, 250 Joer Kapell Mëtscheed, 150 Joer Kapell Heischtergronn, 2004, Saint-Paul Luxembourg, 199 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Heischent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).