Kierch Helzen

Vu Wikipedia
Kierch vun Helzen
Kierch vun Helzen (2014)

Kierch vun Helzen (2014)
Kierch vun Helzen (2014)
Uertschaft / Plaz Helzen
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Baujoer 1775
Koordinaten 50° 06’ 26.9’’ N
      05° 55’ 19.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Helzen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Weste vun Helzen um CR333A. Ronderëm d'Kierch stinn nach eng Rei al Grafsteng vum fréiere Kierfecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch ass vu 1775 an huet en neobarocken Tuerm, deen 1926 zesumme mat dem ënneschten Deel vum Kiercheschëff ugebaut gouf. Déi barock Miwwel stamen zum gréissten Deel aus dem Atelier Hennes vu Neuerburg a goufe vum Eberhard Hennes tëscht 1778 a 1780 gemaach. An enger extra fir deen Zweck ugebaute Säitekapell steet den Original vum Retabel aus dem 16. Joerhonnert, dee bis 1977 an der Helzerklaus stoung, dunn awer aus Sécherheetsgrënn an d'Parkierch bruecht gouf.

D'Helzener Kierch gouf den 12. November 1980 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzen huet ausser der Parkierch vun Helzen och nach d'Helzerklaus, d'Kierch vun Houfelt an d'Kapell vu Weiler gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Helzener Kierch huet 3 Klacken, déi ënner dem Schlagtoun Si, La a Fa Dièse lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Helzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).