Kierch Houfelt

Vu Wikipedia
Kierch vun Houfelt
Filialkierch vun Houfelt (2014)

Filialkierch vun Houfelt (2014)
Filialkierch vun Houfelt (2014)
Uertschaft / Plaz Houfelt
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Eligius
Konsekratioun 1958
Architekt(en) J. P. Thill
Koordinaten 50° 05’ 55.6’’ N
      05° 55’ 14.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Eligiuskierch zu Houfelt ass eng kathoulesch Kierch an d'Parkierch vun der Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Eligius, deem säi Fest den 1. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Verbindungsstrooss tëscht dem CR333 an dem CR362.

Den 12. Februar 2024 gouf proposéiert, s'als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]


Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well déi al Kierch vun Houfelt ze kleng war gouf an den 1950er Joren decidéiert eng nei bauen ze loossen. D'Pläng fir dës modern Kierch si vum Architekt J. P. Thill vun Dikrech. De 15. Juni 1958 gouf d'Kierch vum Bëschof Léon Lommel geweit.

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzen huet ausser der Filialkierch vun Houfelt och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Helzerklaus an d'Kapell vu Weiler gehéiert.

Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Fënster an der Houfelter Kierch

Déi net-figurativ Fënsteren (ë. a. 40 m2 op der Südwand) aus Glasbëtong (dalle de verre) si vum Gustave Zanter, grad wéi de Kräizwee op der Nordwand, déi keng Fënsteren huet.

Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Duxall sti Statue vum hl. Eligius, vum hl. Antonius dem Eremit an dem hl. Jousef (déi ass vum Kënschtler H. Lachner aus Tirol). Um barocken Héichaltor steet eng weider Statu vum hl. Eligius. Op de Rokoko-Säitenaltär steet eng Consolatrix Afflictorum-Statu an eng vum hellegen Donatus.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm hänken 3 Klacken déi an den Téin do diese, la a sol lauden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E. Donkel, L. Meyer, R. Staud: Hoffelt, Dorf und seine Kirche, 1958, St. Paul, 70 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Houfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).