Kierch Ielwen
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Ielwen | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hellege Blasius | |||
Baujoer | 1761 | |||
Koordinaten | 49° 43’ 27.3’’ N 05° 54’ 58.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Ielwen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.
Se steet op der Haaptstrooss, dem CR301.
Den 20. Mäerz 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
D'Par Ielwen huet nach eng Filial zu Schweech. Vun der Kapell zu Schweech aus geet e Kräizwee aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert bis erof bei d'Kierch zu Ielwen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch vun Ielwen ass deelweis nach aus dem 12. Joerhonnert.
Den Altor an 2 Statue vum hellege Cornelius a vum hellegen Theobald sinn am Barockstil vum 18. Joerhonnert.
Um Kierchtuerm steet d'Joreszuel 1761.
Uergel
[änneren | Quelltext änneren]D'Uergel an der Kierch gouf 1958 ënner der Direktioun vum Nic. Loewen vu Lëntgen gebaut. Zanterhier gouf net méi dru geschafft, soudatt d'Instrument am Originalzoustand ass.
Den Opbau vun der Uergel:
- I Haaptwierk (5 Reg.)
- II Schwellwierk (7 Reg.)
- Pedall (3 Reg.)
Den Ament, Mee 2015, gëtt et Problemer mat dem Instrument, soudatt leider net drop ka gepillt ginn.
Monument aux morts
[änneren | Quelltext änneren]De Monuments aux morts, deen 1969 realiséiert gouf, steet direkt virum Kierchtuerm vun der Parkierch an dréit d'Opschrëft: Fir d'Hemecht gestuerwen 1940-1945.
Paschtéier vun der Par Ielwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Lambertus (virun 1254-†1263)
- 2. Jacobus (1263-1268)
- 3. Arnold Reis, Habscht (1268-1277)
- 4. Henricus (1277-?)
- ... (keng Donnéeën)
- 5. Joannes (1351-1358)
- 6. Joannes, Mondorf (1358-1366)
- 7. Theodoricus, Neuerburg (3.3.1371-?)
- ... (keng Donnéeën)
- 8. Clais Seligs († viru 1425)
- 9. Joannes Berg († viru 1485)
- 10. Nicolas, Biekerech (21.2.1485-?)
- ... (keng Donnéeën)
- 11. Joa. Hollenstein, Schweech (1548-1581)
- 12. Nicolaus Wickerig (1581-1612)
- 13. Joa. Leon, Ottweiler (1612-1621)
- 14. Ant. Stoultgen, Mariendall (1621-1654)
- 15. Joannes Nothum (1654-1678)
- 16. Car. Mercatoris, Dikrech (1678-†1716)
- 17. Joa. Feller, Schweech (1716-1717)
- 18. Nicolaus Becker (1717-†1740)
- 19. Michael Wagener (1740-1741)
- 20. Aug. Becker, Gousseldeng (1741-†1771)
- 21. Nicolaus Dernoeden (1771-1772)
- 22. Mich. Barthel, Riedgen (1772-†1812)
- 23. Joa. Gul. Kramp, Grooljen (1812-1828)
- 24. Joa. Nic. Stoffel, Biissen (1828-†1857)
- 25. Michael Kraus, Miersch (1857-1873)
- 26. Jos. Menningen, Iechternach (1873-1895)
- 27. Fr. Jos. Leonardy, Ouljen (1895-1926)
- 28. Martin Majeres, Feelen (1926-†1929)
- 29. Alb. Linkels, Angelduerf (1929-1948)
- 30. Joa. Dernoeden, Eschduerf (1948-1973)
- 31. Raym. Scholtes, Esch-Uelzecht (1973-†2000), leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus nieft der Kierch gewunnt huet
- 32. John. Bintz, Useldeng (2000-2004)
- 33. Nicolas Hardt, Grooljen (2004-2005)
- 34. Denis Wellisch, Colmar (Fr.) (2005-2010)
- 35. Mathieu Henri Janssen (zanter 2010)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Ielwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (lb) Websäit vun der Par Atertdall Sainte-Claire
- (de) D'Fënstere vun der Kierch vun Ielwen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V.
- (de) D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Ielwen an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).